Making-of "Lazarus" Wéi RTL zur Filmkuliss gouf

Philippe Dondelinger
Fir d’Produktioun "Lazarus" huet Samsa Film d’RTL-Regie an e futuristesche Satellitte-Kontrollzenter verwandelt.
Making-of "Lazarus"- Wéi RTL zur Filmkuliss gouf
Fir d’Produktioun "Lazarus" huet d’Samsa Film nämlech d’RTL-Regie an e futuristesche Satellitte-Kontrollzentrum verwandelt.

Wou soss all Dag Televisioun gemaach gëtt, ass dës Kéier e Film entstanen.

Déi vill Ecranen an déi technesch Installatiounen hunn déi perfekt Kuliss fir eng wichteg Zeen gebueden. Dobäi stoungen ënner anerem d’Schauspiller Sarah Kunert a Philippe Thelen virun der Kamera.

Eng Lëtzebuerger Serie mat sechs Episoden

"Lazarus" ass eng nei Lëtzebuerger Serie vum Produzent Max Jacoby. D’Produktioun besteet aus sechs Episoden vu jeeweils ronn 30 Minutten an ass als Spionage-Comedy ugeluecht. D’Serie gëtt eréischt 2027 op RTL gewisen. Fir de Public heescht dat: Nach e bësse Gedold. Hannert de Kulisse leeft d’Aarbecht awer schonn op Héichtouren.

Samsa Film: Ee grousse Numm am Lëtzebuerger Kino

Hannert "Lazarus" steet Samsa Film, eng vun de bekanntste Produktiounsgesellschaften am Land. D’Firma gouf 1986 gegrënnt an huet iwwer déi lescht Joerzéngte bal 200 Filmer, Serien an Documentaire produzéiert. Vill dovunner goufen och international op grousse Festivaler gewisen. Zu de bekanntste Produktioune gehéieren ënner anerem "Capitani", "Superjhemp retörns" oder och "Marginal".

De Produzent Bernard Michaux erkläert, datt bei "Lazarus" vill Wäert op authentesch Kulisse geluecht gëtt. Hannert e puer Minutten um Bildschierm stiechen dobäi Stonne vun Aarbecht an den Asaz vun enger grousser Ekipp.

Back to Top
CIM LOGO