
Et ass eng Victoire, déi dem Liam Slock an zweefacher Hisiicht an Erënnerung bleiwe wäert. Wéi de 25 Joer ale belsche Coureur beim GP vu Gippingen an der Schwäiz sech schonn e puer Meter virun der Arrivée iwwert seng éischt Profi-Victoire am Vëlossport freeë wollt, huet hien op sengem Vëlo d'Gläichgewiicht verluer an ass gefall.
Gléck am Ongléck fir de Slock, deen trotz sengem Faux-pas, dee sécherlech wéigedoen huet, trotzdeem nach seng Victoire feiere konnt, well hie mat sengem Vëlo bis hannert d'Zillinn gefall ass. Knapp hannendru wiere soss nämlech den Aleksandr Vlasov an de Richard Carapaz laanschtgezunn, ma sou si fir si just d'Plazen Zwee an Dräi erausgesprongen. De Slock selwer huet no der Course dem staarke Wand d'Schold ginn, deen hien ënnerschätzt hätt. "Et fillt sech zwar zimmlech domm un, mee virun allem sinn ech einfach mega glécklech", sou de Belsch no der Course.
Op de Sozialen Netzwierker huet d'Chute vum Liam Slock natierlech och d'Ronne gemaach. Ënner anerem seng Ekipp Lotto-Intermarché huet de klengen Accident mat "De perfekte Jubel gëtt et n... - Waart op de Liam Slock" beschriwwen.
Och op Facebook goufe vun der Ekipp e puer Collagë mam Slock a verschiddene Rolle gedeelt, sief et als Surfer, Golkipp oder als Breakdancer.