Victoire en solitaire op der KinneksetappIsaac Del Toro wënnt den Tour Auvergne-Rhône-Alpes

RTL Lëtzebuerg
E Sonndeg ass et op der Kinneksetapp iwwer 120 Kilometer vu Beaufort op de Plateau de Solaison - Brison gaangen.
Grouss Freed beim Mexikaner Isaac Del Toro
© ANNE-CHRISTINE POUJOULAT/AFP

Den Isaac Del Toro huet e Sonndeg d'Kinneksetapp vum Tour Auvergne-Rhônes-Alpes gewonnen a sech domadder och d'Schlussvictoire geséchert. D'Decisioun ass an der schwéierer Schlussmontée erop op de Plateau de Solaison - Brison gefall.

Isaac Del Toro wënnt den Tour Auvergne-Rhône-Alpes (Resumé)

8 Kilometer virun der Arrivée hat de Mexikaner déi lescht Coureuren distanzéiert an ass en solitaire der Victoire entgéint gefuer. Op der Arrivée hat hien eng Avance vun enger Minutt op de Juan Ayuso an eng Minutt an zwou Sekonnen op den Tobias Johannessen. De Luke Tuckwell, deen a Giel an déi lescht Etapp gaange war, ass als 8. op eng Minutt an 43 Sekonnen ukomm. Domadder gëtt den Australier um Enn deen Zweeten am General. Déi drëtte Plaz ass fir de Spuenier Ayuso.

Fir den Isaac Del Toro ass et déi drëtt Victoire vun engem Tour an dëser Saison, dat dierft Confiance fir den Tour de France am Juli ginn.

Dat franséischt Nowuesstalent Paul Seixas ass d'Generalprouf en vue vum Tour de France net op en Enn gefuer. De Gewënner vun der Flèche Wallonne hat no senger schwéierer Chute e Samschdeg d'Kinneksetapp an Ugrëff geholl, ma huet no 35 Kilometer opginn. De Seixas war am Col du Pré, der éischter Schwieregkeet vum Dag, ofgehaange ginn a war kuerz drop vum Vëlo geklommen.

Déi zwee Lëtzebuerger Kevin Geniets a Mathieu Kockelmann haten am Laf vun der Woch och opginn.

Isaac Del Toro wënnt den Tour Auvergne-Rhône-Alpes (Replay)

D'Klassement vun der Etapp

1 del Toro Isaac UAE Team Emirates - XRG 3:35:07
2 Ayuso Juan Lidl - Trek1:00
3 Johannessen Tobias Halland Uno-X Mobility 1:02
4 Skjelmose Mattias Lidl - Trek 1:31
5 Rodríguez Cristián XDS Astana Team ,,
6 Rodríguez Carlos Netcompany INEOS 1:36
7 Van Gils Maxim Red Bull - BORA - hansgrohe 1:43
8 Tuckwell Luke Red Bull - BORA - hansgrohe ,,
9 Uijtdebroeks Cian Movistar Team ,,
10 Jorgenson Matteo Team Visma | Lease a Bike ,,

De General

1 del Toro Isaac UAE Team Emirates - XRG 29:35:05
2 Tuckwell Luke Red Bull - BORA - hansgrohe 0:54
3 Ayuso Juan Lidl - Trek 1:17
4 Jorgenson Matteo Team Visma | Lease a Bike 1:36
5 Johannessen Tobias Halland Uno-X Mobility 1:46
6 Skjelmose Mattias Lidl - Trek 2:41
7 Uijtdebroeks Cian Movistar Team 3:11
8 Rodríguez Cristián XDS Astana Team 3:15
9 Parra José Félix Caja Rural - Seguros RGA 6:25
10 Martin Guillaume Groupama - FDJ United 7:21

Back to Top
CIM LOGO