NFL - Wild Card Round an der NFCVikings eliminéiere Saints schonn nees, Seahawks wanne géint Eagles

RTL Lëtzebuerg
Nodeems an der Nuecht op e Sonndeg déi éischte zwee Playoff-Matcher gespillt goufen, war e Sonndeg den Owend d'Suite vun der Wild Card Round.
© NFL

An der éischter Partie e Sonndeg ass et wéi schonns e Samschdeg an d‘Verlängerung gaangen. Um Enn haten d‘Minnesota Vikings dat bessert Enn fir sech a gewanne schonn nees mat 26:20 géint d'New Orleans Saints. An der zweeter Partie koum et zum Duell tëscht de Philadelphia Eagles an de Seattle Seahawks. Hei huet schonns ganz fréi de Quarterback vun den Eagles den Terrain blesséiert misse verloossen a si hunn um Enn dunn och mat 9:17 verluer.

Minnesota Vikings vs New Orleans Saints

Ee Field Goal op all Säit vum Terrain

Béid Ekippe sinn e Sonndeg den Owend gutt an de Match erakomm. Souwuel d'Saints wéi och d'Vikings hunn an der Offensiv Variatioune gewisen. Si si gelaf, si hu gepasst a béid Ekippen hunn ee Field Goal geschoss, esou dass et séier 3:3 stoung.

"D'Geheimwaff" Taysom Hill schléit nees zou

Am uschléissenden Drive hunn d'New Orleans Saints awer nees gewisen, ewéi variabel si wierklech sinn. Do stoung bei engem Snap nämlech net den eigentleche Quarterback Drew Brees um Terrain, mä den Taysom Hill. D'"Mädchen für alles" vun de Saints huet dunn eng Pass iwwer 50 Yards un de Mann bruecht an esou stoung d'Lokalekipp kuerz virun der géignerescher Endzon. Hei goung de Ball dunn un de Running Back Alvin Kamara, deen op 10:3 stelle konnt.

Drew Brees weist Schwächt, Vikings-Defense notzt dat aus

Den Drew Brees, deen u sech fir seng immens Prezisioun a Sécherheet bekannt ass, huet, kuerz nodeems d'Vikings duerch ee Field Goal verkierze konnten, eng richteg schlecht Pass geheit. Den Anthony Harris konnt de Ball interceptéieren, esou dass d'Vikings nees un de Ball koumen.

Vikings mat guddem Timing an der Féierung

D'Ekipp vu Minnesota huet elo d'Kontroll iwwerholl a si sinn der Endzon vun de Saints Stéck fir Stéck méi no komm. Schlussendlech war et dunn hire Running Back, den Dalvin Cook, deen de Ball an d'Endzon droe konnt an esou ass d'Ekipp ëm de Quarterback Kirk Cousins mat enger 13:10-Féierung an d'Paus gaangen.

Offense vun de Saints inexistent, Vikings baue Féierung aus

Am 3. Véierel ass bei den normalerweis sou staarken New Orleans Saints offensiv guer näischt méi gaangen. Weder e Laf, nach eng Pass ass hinne gelongen. Ëmmer erëm huet d'Vikings-Defense immens vill Drock gemaach an esou koumen d'Gäscht nees séier un de Ball. Mat engem staarken Drive vum Kirk Cousin, wou hien zwou ganz staark Passen un den Adam Thielen, respektiv de Stefon Diggs ubruecht huet, konnte si hir Avance weider an d'Luucht schrauwen. Knapp 3 Minutte virum Enn vum 3. Véierel stoung et elo also 20:10 fir den eigentlechen "Underdog".

Taysom Hill bréngt Saints nees zeréck an de Match

Hoffnung gouf et nach ëmmer bei de Saints an dat mat Recht. Am American Football kann et séier hin an hier goen a si sollte géint Ufank vum leschte Véierel de Réckstand och nees verkierzen. Den Drew Brees hat do eng Pass iwwer 20 Yards an d'géigneresch Endzon op d'"Allzweckwaff" Taysom Hill geheit. 10 Minutte virum Enn vum Match stoung et just nach 17:20.

No engem kuerzen Drive vun de Vikings waren nees d'Saints um Ball an op en Neits goung alles iwwer den Taysom Hill, deen och 1 First Down no deem aneren erlafe konnt.

Brees léisst Ball falen, Vikings verpassen nawell d'Decisioun

Kuerz drop huet de Quarterback Drew Brees dunn awer de Ball fale gelooss an d'Defense vu Minnesota konnt de Ball recuperéieren. Domat hätte si d'Chance gehat, nees eng Avance vun 10 Punkten erauszespillen, ma dat ass hinnen net gelongen an esou krut den Drew Brees de Ball nach eng Kéier zeréck an dat mat 1 Minutt a 55 Sekonne Rescht.

Will Lutz rett Saints an d'Overtime

Dat ass de Saints dann och duergaangen, fir hire Kicker nach eemol a Stellung ze bréngen. Mam Stand vun 20:20 ass et an d'Verlängerung gaangen.

Minnesota Vikings maache kuerze Prozess

D'Ekipp aus dem Norde vun den USA hat de Mënzworf gewonnen an decidéiert, dass si de Ball gäre wéilte kréien an dorausser hu si dann och de Maximum gemaach. No enger geckeger Pass vum Kirk Cousins op den Adam Thielen stounge si ganz kuerz virun der Endzon. An der Endzon war et dunn den Tight End, de Rudolph, deen de Ball gefaangen huet an deen d'Vikings domat an déi nächste Ronn schéckt.

Philadelphia Eagles vs Seattle Seahawks

Eng duerchwuessen UfanksphasBéid Ekippen hu sech an der Ufanksphas vun der Partie immens schwéier gedoen. E Groussdeel vum Match an der éischter Hallschent huet sech an der Mëtt vum Spillfeld ofgespillt. Deemno stoung et kuerz virun Enn vum 2. Véierel och eréischt 3:3. Dobäi kënnt allerdéngs, dass d‘Eagles ee Field-Goal-Versuch vun de Seahawks blocke konnten.

Carson Wentz muss blesséiert vum Terrain, Josh McCown muss iwwerhuelen

De Carson Wentz schéngt net fir d‘Playoffs gemaach ze sinn. Schonns virun zwee Joer, wéi d‘Eagles de Super Bowl gewonnen hunn, huet de Starting-Quarterback vu Philadelphia d‘Playoffs verpasst. E Sonndeg huet hien zwar e puer Minutte gespillt, ma wéinst enger Blessur um Kapp huet hien den Terrain misse verloossen.

„Beastmode“: Marshawn Lynch suergr fir den 1. Touchdown

Kuerz virun der Paus ass de Seahawks ee richtegt Big Play gelongen an dat hätt ee sech net esou richteg erwaart, well de Spillzuch wuel éischter net esou ausgeliecht war. Nawell huet den David Moore d‘Pass vum Russell Wilson gefaangen an ass uschléissend nach bis kuerz virun d‘Endzon komm, obwuel en nom Catch schonns bal getackelt gouf. 5 Yards virun der Endzon hu si dunn hirem Running Back Marshawn Lynch de Ball an de Grapp ginn an dee konnt fir den 1. Touchdown vum Match suergen.

No der Paus e Liewenszeeche vun der Eagles-Offense

No e puer gudde Spillzich a virun allem enger gudder Pass vum McCown op den Tigh End Zack Ertz haten d‘Eagles d‘Chance op e weidert Field Goal an den Jake Elliott huet de Ball dann och tëscht de Pottoen erduerch geschoss, esou dass et 6:10 stoung.

D.K. Metcalf mat sengem 1. Touchdown an de PlayoffsDirekt am Drive dono konnt Seattle zeréckschloen. No enger Pass iwwer 20 Yards vum Wilson op de Lynch, huet de Wilson dunn eng richteg staark Pass ausgepaakt. Resultat dovunner: een 53-Yard-Touchdown vum Rookie D.K. Metcalf. Domat huet et elo schonns guer net schlecht ausgesi fir d‘Ekipp vum Pete Carroll.

D'Eagles konnten am 3. Véierel zwar nach eemol e Field Goal schéissen, ma nawell si si mat engem Réckstand vun 8 Punkten an de leschte Véierel gaangen.

Eagles defensiv staark, offensiv schwaachD‘Defense vun den Eagles huet et am Schlussvéierel ëmmer nees fäerdeg bruecht, Wilson a Co. ze stoppen an domat hir eegen Offense nees op den Terrain ze bréngen, ma dem Josh McCown ass net wierklech eppes gegléckt. Zwar ware si duerch eng Pass Interference eemol ganz no un der géignerescher Endzon drun, ma nawell huet d‘Eagles Offense den Terrain ouni Punkte verlooss.

Seahawks geréieren d‘Auer a sinn een Tour weider

Um Enn ass de Seahawks ee leschte First Down duergaangen, wou de Wilson op de Metcalf geworf hat, fir d‘Auer op 0 lafen ze loossen a sech esou fir d‘Divisional Round ze qualifizéieren, wou si elo géint d‘Green Bay Packers untriede mussen.

Wéi geet et weider an de Playoffs?

AFC:

Tennessee Titans vs Baltimore Ravens

Houston Texans vs Kansas City Chiefs

RTL News: NFL- Wild Card Round an der AFC: Derrick Henry zerleet Patriots, Texans wannen an Overtime NFC:

Minnesota Vikings vs San Francisco 49ers

Seattle Seahawks vs Green Bay Packers

© NFL

Back to Top
CIM LOGO