ÄishockeyTornado Lëtzebuerg verléiert géint Châlons

RTL Lëtzebuerg
An der zweeter franséischer Divisioun steet den Tornado no der Néierlag am Derby weider op der 7. Plaz an der Tabell.

Fir de Kont vum 8. Spilldag verléiert den Tornado Lëtzebuerg um Samschdeg den Owend knapp mat 2:4 op der Kockelscheier den Derby géint Gauloise Châlons.

Den éischten Drëttel huet ee mat 0:1 ofginn, de Gol huet no 11 Minutten de Melker Torstensson markéiert. Nodeems een no knappen 29 Minutte mat 0:2 hanne louch, konnten de Felix Sigouin an den Hugo Damy fir den Tornado nach am zweeten Drëttel ausgläichen. An deene leschten 10 Minutte vum leschten Drëttel sollten d'Gäscht mam Matéo Labat an Alex Gauze awer nach zwee Mol markéieren. No engem ganz ausgeglachene Match huet den Tornado sech um Enn misste mat 2:4 (0:1, 2:1, 0:2) geschloe ginn a bleift op der 7. Plaz an der Tabell.

Den nächste Weekend spillt den Tornado e Samschdeg den Owend um 20:00 Auer zu Brest géint de momentanen Tabellendrëtten.

Back to Top
CIM LOGO