
Bei den Häre steet den 10. Spilldag vun der Saison um Programm.
Um Sonndeg huet sech de Champion Etzella Ettelbréck mat 80:72 géint d'Amicale Steesel duerchgesat. D'Gäscht vu Steesel louchen am drëtte Véierel 60:46 a Féierung, duerno huet Ettelbréck eng staark Reaktioun gewisen an d'Partie gedréint. Den Travis Henson koum op 30 Punkten bei der Lokalekipp, de Philippe Gutenkauf huet 18 Punkten a 15 Assists zur Victoire bäigesteiert. Fir Steesel ass et schonn déi 6. Defaite am 10. Match, domat läit d'Ekipp an der Tabell wäit hanner den Erwaardungen.
D'Musel Pikes setzen sech auswäerts knapp mat 79:75 géint d'Sparta Bartreng duerch. Obwuel sech de Profispiller Williams-Dryden blesséiert hat an de Jarvis Williams och net méi agesat gouf, huet Bartreng sech am leschte Véierel nach emol zeréckgekämpft. Um Enn setzt sech d'Ekipp vun der Musel duerch, dat ënner dem Impuls vum Julian Hammond, deen op 41 Punkte koum.
Eng kloer Victoire gouf et fir den T71 Diddeleng auswäerts am Südderby géint de Basket Esch. D'Lokalekipp huet weiderhi mat Verletzungssuergen ze kämpfen, Diddeleng huet dovu profitéiert an dës Partie séier ënner Kontroll bruecht, fir um Enn 81:52 ze gewannen. Den Domenick Sleva koum op 26 Punkte fir d'Gäscht.
D'Arantia Fiels iwwerrennt den Opsteiger Gréngewald Hueschtert mat 105:51. D'Gäscht hu sech fréi ofgesat an de Géigner deklasséiert. Den Edson de Sousa koum op 25 Punkte fir d'Gäscht.
Den Opsteiger AS Zolwer setzt sech auswäerts knapp mat 80:79 géint d'Kordall Steelers duerch. D'Lokalekipp hat d'Méiglechkeet d'Partie mat der leschter Aktioun ze gewannen, e Worf vum Max Schmit sollt allerdéngs net eragoen. Mat 23 Punkten hat de Christian Parker bei Zolwer am beschte getraff.
D'Résidence Walfer feiert eng 94:85-Victoire auswäerts beim Racing Lëtzebuerg. De Mykolas Maindron konnt dobäi staark 35 Punkten markéiere fir d'Gäscht.
________________________________________________
Bei den Damme stoung den 9. Spilldag um Programm.
De Champion a Leader T71 Diddeleng bleift ongeschloen, dat no enger 86:64-Victoire auswäerts beim Opsteiger Gréngewald Hueschtert. D'Lokalekipp louch an der Paus mat 41:38 a Féierung, Diddeleng huet d'Partie no der Paus awer dominéiert. D'Lauren Van Kleunen koum op 18 Punkte fir d'Gäscht.
Den AB Contern setzt sech mat 76:62 géint d'Musel Pikes duerch an zitt domat mam Géigner an der Tabell gläich. D'Sarah Gates war mat 31 Punkten net ze stoppe bei der Lokalekipp.
De Basket Esch setzt sech géint d'Amicale fréi of (27:9 nom éischter Véierel) a wënnt um Enn däitlech mat 86:54. 19 Punkte goungen op de Kont vun der Nationalspillerin Joy Baum.