
An der 3. Liga an Däitschland ass et e Sonndeg den Owend zum Spëtzematch tëscht Duisburg a Rostock komm. Rostock verléiert de Match mat 0:2. Dobäi stoung de Florian Bohnert no der Lännermatch Paus an der Starteelef vu Rostock. Säit dem Trainerwiessel vun virun e puer Wochen hat de Lëtzebuerger éischter e schwéiere Stand beim André Breitenreiter. De Lëtzebuerger hat dann och eng couragéiert an intensiv Leeschtung gewisen, wat awer wuel e Tick ze aggressiv war. Nodeems de Lëtzebuerger an der 14. Minutt déi Giel Kaart gewise krut, ass den FLF-Nationalspiller kuerz virun der Paus no engem Foul mat Giel-Rout vum Terrain geflunn.
An der 1. Bundesliga bei de Fraen huet Nürnberg mam Laura Miller an der Starteelef 0:1 zu Mainz verluer. D'Laura Miller ass an der 87. Minutt ausgewiesselt ginn. Fir Mainz ass et déi éischten Victoire an der Veräinsgeschicht an der Bundesliga. Bis dato huet den Opsteiger a 10 Matcher 10 mol verluer gehat. Nürnberg steet an der Tabell eng Plaz virun Mainz, mat 8 Punkten.
E Sonndeg de Mëtteg konnt sech an der Belsch Beveren mat 1:0 géint den 4. an der Tabell Gent duerchsetzen. De Gol vum Dag huet den Margaritha an der 72. Minutt fir d'Lokalekipp markéiert. Dobäi war Beveren ab der 56 no enger Rouder Kaart fir de Verschueren mat engem Mann an Ënnerzuel. De Laurent Jans stoung wéi gewinnt iwwer 90 Minutten um Terrain.
Net esou gutt ass dem Mathias Olesen säi Match mat Sonderjyske gelaf. An der dänescher 1. Liga huet Sonderjyske 1:2 géint Odense verluer. Den Olesen krut an der 49. Minutt déi Giel Kaart gewisen an ass an der 60. Minutt fir den Oggesen ausgewiesselt ginn. Sonderjyske steet weider op der leschter Plaz an der Tabell.
De Vahid Selimovic stoung a Georgien bei der 1:0-Auswäertsvictoire vun Iberia zu Samgurali déi ganz Partie iwwer um Terrain. An der Tabell läit Iberia zwee Spilldeeg viru Schluss op der 1. Plaz. Ee Punkt hannert dem Tabelleleader läit Dinamo Batumi. Batumi konnt um Samschdeg e spéiden 2:1-Succès géint Rustavi feieren. Den Dirk Carlson stoung de ganze Match um Terrain, den Enes Mahmutovic huet d'Partie vun der Bänk aus verfollegt.
An der englescher Premier League sinn tëscht Aston Villa a Sunderland keng Goler gefall. De Brain Madjo gouf an der 73. Minutt fir den Nicolas Jackson agewiesselt. Um Remis konnt hien awer och näischt änneren. A weidere Partien an England huet Chelsea ë.a. däitlech géint Leeds United verluer.
An der 1. Bundesliga souz den Enzo Dos Santos bei der 1:0-Victoire vun Dortmund zu Gladbach 90 Minutten op der Bänk. Den Dos Santos konnt mat senger Ekipp Bayern an der Tabell iwwerhuelen a steet elo op der 1. Plaz.
Rot-Weiß Essen huet sech zu Verl mat 3:0 behaapt. Den Aiman Dardari souz op der Bänk, gouf awer net agewiesselt. An der 3. däitscher Liga läit Essen den Ament op der 2. Plaz an der Tabell. An der selwechter Liga gouf et fir Mannheim eng 0:3-Defaite zu Oochen. De Vincent Thill stoung de ganze Match iwwer um Terrain.
An der Ligue 2 a Frankräich konnt Metz an Ënnerzuel mat 2:1 géint Boulogne gewannen. An der Tabell leien d'Grenats op der 6. Plaz. Den Hamza Kadamani hat et net an de Kader gepackt.
Beim 2:1-Succès vu Magdeburg zu Bielefeld an der 2. däitscher Bundesliga souz den Eldin Dzogovic 90 Minutten op der Bänk.