
Am Duell vun de Borussen huet Gladbach knapp mat 0:1 géint Dortmund verluer. Et war eng ausgeglachen éischt Hallschent mat intensiven Dueller. Béid Ekippen haten zwou Chancen, e Gol sollt awer net falen. D'Bild huet sech an der 2. Hallschent net geännert an et huet een net gemierkt, datt den Tabelleleschte géint den Tabellenzweete spillt. Wéi esou oft an dëser Saison konnt Dortmund e spéide Gol markéieren. Den Nmecha huet an der 80. Minutt vun engem Golkippsfeeler vum Batz profitéiert, fir de Ball am Gol ënnerzebréngen. Gladbach konnt net méi reagéieren an et blouf beim knappen Erfolleg fir de BVB. An der Tabell läit Dortmund elo 2 Punkte viru Bayern. De Lëtzebuerger Enzo Dos Santos souz de ganze Match iwwer op der Bänk.
Leverkusen hat keng Problemer fir sech doheem mat 4:0 géint Paderborn duerchzesetzen. An der 1. Hallschent war d'Heemekipp komplett dominant an huet sech eng Chance no der anerer erausgespillt. De Moreira konnt an der 14. Minutt de Ball eemol am Filet ënnerbréngen. D'Gäscht hu virun der Paus net eemol op de Gol geschoss. Nom Säitewiessel war Leverkusen och nach effizient. Moreira, Schick a Fernandes hunn an der 2. Hallschent getraff. Um Enn war de kloren Erfolleg fir Leverkusen ni a Gefor.
Union Berlin huet doheem mat 1:5 géint Leipzig verluer. D'Gäscht hate vun Ufank u vill Chancen, den eenzege Gol huet den Nusa per Eelefmeter markéiert. Aus dem Näischt konnt den Aebischer an der 41. Minutt ausgläichen. No der Paus ass Leipzig der Favoritteroll gerecht ginn. De Romulo hat seng Faarwen nees mat 2:1 vir bruecht. D'Géigewier vun Union war gebrach a Gruda, Reitz a Baku hu mat hire Goler fir d'Schlussresultat gesuergt.
An de weidere Partië gouf et eng 1:0-Victoire fir Frankfurt géint Hoffenheim. Donieft huet Elversberg mat 0:1 géint Freiburg verluer, déi op der 3. Plaz punktgläich mat Bayern leien.
Am Owesmatch sinn tëscht Schalke a Stuttgart keng Goler gefall. Och wann et 0:0 an der Paus stoung hate béid Ekippen gutt Chancen, e Gol ze markéieren. Schalke, déi an dëser Saison nach net doheem markéiere konnten, hunn an der 2. Hallschent alles ginn, d'Gléck virum Gol huet awer gefeelt. Um Enn sollt et beim 0:0 bleiwen, e Remis, dee keng Ekipp an der Tabell weiderbréngt.
Am internationale Futtball huet Manchester City géint Fulham 1:1 gläich gespillt.
Klickt hei, fir op d'Säit mat all de Resultater ze kommen.
Klickt op de Match, fir d'Statistiken ze gesinn.