
Nodeems Barcelona no 7 Minutten mat 0:2 a Réckstand louch, kann een de Match um Enn nach mat 3:2 gewannen. Hamburg hat zu Bremen näischt ze radetten a verléiert däitlech mat 0:4. Den AC Mailand iwwerrennt Frosinone mat 5:0. De Laurent Jans war iwwerdeems mat Beveren am Asaz. Detailer fannt dir an eise Rubrik Lëtzebuerger Futtballer am Ausland.
FC Augsburg - FSV Mainz 3:1
1:0 Gregoritsch (19'), 2:0 Bah (36'), 3:0 Gregoritsch (48'), 3:1 Königsdorffer (51')
Werder Bremen - HSV 4:0
1:0 Friedl (55'), 2:0 Njinmah (66'), 3:0 Njinmah (70'), Füllkrug (90+2')
Bremen spillt weiderhin eng iwwerraschend gutt Saison a ka sech och am 111. Nord-Derby géint den HSV däitlech mat 4:0 duerchsetzen. Vun Hamburg ass iwwer 90 Minutten ze wéineg an der Offensiv koum. Bremen huet vun Ufank a gewisen wien Här am Haus ass, an spéitstens no der Féierung duerch de Kapitän Friedl an der 55. Minutt war de Bann gebrauch. Hamburg huet sech an der Schlussphase sengem Leed erginn a verléiert däitlech mat 0:4.
LINK: D'Resultater, d'Tabell an d'Statistike vun der Bundesliga
Hull City - Brighton 2:0
1:0 McBurnie (90+2'), 2:0 Mc Burnie (90+5')
Brighton muss sech iwwerraschend mat 0:2 auswäerts geschloe ginn. Dobäi huet et laang no engem 0:0 Gläich ausgesinn. An enger hektescher Schlussphase, an där de Brighton Spiller Costinha mat Giel Rout vum Terrain geflunn ass, huet de McBurnie an der Nospillzäit direkt zwee mol zougeschloen. Brighton hat et iwwer 90 Minutten net fäerdeg bruecht hier gutt Chancen ze notzen. Hull huet dëse Chancewucher an der Schlussphase äiskal ausgenotzt a gewënnt um Enn mat 2:0. Domat huet Arsenal London an der Tabell elo 6 Punkte Virsprong op Brighton.
FC Liverpool - Manchester United 4:0
1:0 Szoboszlai (10'), 2:0 Wirtz (13'), 3:0 Ngumoha (66'), 4:0 Munoz (82')
Manchester United hat wärend der Lännermatchpaus den Trainer gewiesselt an den Mauricio Pochettino als neie staarke Mann un der Linn virgestallt. D'Hoffnung vun de Supporteren dass sech d'Ekipp aneschters géif presentéieren war virum Derby sécher grouss, fréi am Match sollten si awer op e Neits enttäuscht ginn. Szoboszlai a Wirtz hu bannent 3 Minutten getraff a sou louchen d'Reds no 13 Minutten fréi am Match mat 2:0 am Avantage. Den de Light, deen de Pochettino an d'Starteelef gesat huet an domat säin 1. Match vun Ufank un an dëser Saison konnt spillen, hat bei wäitem kee gudden Dag. Zu allem Iwwerfloss krut den Yoro an der 8. Minutt déi Rout Kaart, sou dass de Match relativ fréi virentscheedend war. Liverpool gewënnt um Enn verdéngt mat 4:0 a steet elo just nach 1 Punkt hannert Brighton op der 4. Plaz an der Tabell. Manchester United iwwerdeems rutscht op déi 19. Plaz.
LINK: D'Resultater, d'Tabell an d'Statistike vun der Premier League
Juventus Turin - FC Venedeg 4:0
1:0 Woltemade (53'), 2:0 Koopmeiners (59'), 3:0 Cabal (65'), 4:0 Kolo Muani (71')
Juventus Turin setzt sech mat 4:0 géint Venedeg duerch a steet no 12 Spilldeeg bei 21 Punkten. Nodeems et a der Paus nach 0:0 tëscht béide Formatioune stoung, huet de Luciano Spalletti mat der Awiesslung vum Däitschen Nick Woltemade fir neie Schwong gesuergt. An sou war et dann och de Woltemade selwer, dee Juve an der 53. Minutt a Féierung geschoss huet. De Bann war gebrach, an bannent 18 Minutten huet d'Lokalekipp aus engem 0:0 ee 4:0 gemaach. Duerch eng däitlech besser zweet Hallschent gewënnt Juventus verdéngt mat 4:0 géint den Opsteiger vu Venedeg.
AC Mailand - Frosinone Calcio 5:1
1:0 Calvani (4'), 2:0 Ramos (19'), 2:1 Masini (25'), 3:1 Jashari (48'), 4:1 Cisse (60'), 5:1 Pulisic (68')
LINK: D'Resultater, d'Tabell an d'Statistike vun der Serie A
FC Paris - SCO Angers 4:0
1:0 Zabi (47'), 2:0 Koleosho(55'), 3:0 Lopez (65'), 4:0 Coppola (72')
FC Lorient - Stade Rennes 1:1
0:1 Dia (27'), 1:1 Talbi (45')
LINK: D'Resultater, d'Tabell an d'Statistike vun der Ligue 1
FC Barcelona - Villarreal 3:2
0:1 Buchanan (5'), Oluwaseyi (7'), 1:2 Martin (57'), 2:2 Fermin (61'), 3:2 Nacarro (Selbstgol, 67')
Villarreal ass perfekt an de Match gestart a louch no 7 Minutte mat 2:0 am Camp Nou a Féierung. Virun allem beim 1:0 hunn d'Gäscht vun engem schwéiere Feeler vum Fermin profitéiert. Barcelona ass an der Suite vum Match ugerannt, sollt virum Gol awer déi néideg Präzisioun vermesse loossen. An der 23. Minutt huet de Yamal dunn een Eelefmeter just un de Potto gesat, sou dass och nach Pech dobäi koum. An der Paus louch ee mat 0:2 a Réckstand.
Bannent 10 Minutten huet d'Ekipp vum Hansi Flick no der Paus de Match konnten dréinen an esou louch ee no 67 Minutten mat 3:2 a Féierung. D'Féierung sollt een dann och net méi aus der Hand ginn. Eng méi wéi verdéngte Victoire, wat och Statistik vun 30 zu 4 Schëss fir d'Lokalekipp beleet. An der Tabell steet Barca deemno weider 3 Punkten virum Real.
LINK: D'Resultater, d'Tabell an d'Statistike vun der La Liga