Coupe am VolleyballDamme vu Bissen klappen de Belair, bei den Häre verléiert Péiteng géint Amber-Lënster

RTL Lëtzebuerg
Um Weekend stinn d'Aachtelsfinalle vun der Coupe bei den Dammen an den Hären am Volleyball um Programm.
Bei den Damme gouf et an den Aachtelsfinallen zwou Iwwerraschungen.
© Miny / pressphoto (Archiv)

Um Sonndeg den Owend huet den GYM auswäerts näischt ubrenne gelooss. Stengefort huet den 1. Saz knapp mat 23:25 verluer. Déi zwee Sätz dono sollten dunn net méi sou spannend sinn. De GYM gewënnt verdéngt mat 3:0 (25:23, 25:17, 25:17) zu Stengefort a steet an der nächster Ronn.

Péiteng hat doheem Besuch vun Amber-Lënster. Nodeems een den 1. Saz mat 20:25 verluer huet, konnt een den zweeten mat 25:23 fir sech entscheeden. An der Suite vum Match hat Péiteng awer Schwieregkeeten an Amber-Lënster konnt déi entscheedend Punkten fir sech buchen. Péiteng sollt Saz 3 a 4 mat 21:25 an 19:25 verléieren an ass domat net méi an der Coupe mat dobäi.

Um Samschdeg gouf et bei den Hären am Duell vun den Ekippen aus der Mixvoip League eng kloer Victoire fir Bartreng um Belair. An den dräi Sätz konnt de Belair net mathalen. Mat der 3:0-Victoire (25:16, 25:15, 25:16) steet Bartreng souverän am nächsten Tour vun der Coupe.

Wolz aus der zweeter Divisioun hat beim 0:3 (14:25, 8:25, 15:25) géint Fenteng aus der ieweschter Divisioun keng Chance. Nieft Fenteng steet och nach Stroossen an de Véierelsfinallen. De Champion huet Walfer kloer mat 3:0 (25:14, 25:22, 25:17) geklappt.

Esch an Iechternach sti mat engem Fräilous an der nächster Ronn.

Bei den Damme stoungen e Sonndeg nach 3 Matcher um Programm. De GYM huet sech däitlech auswäerts mat 3:0 (25:15, 25:19, 25:17) géint Stengefort behaapt a steet an der nächster Ronn. Däitlech 3:0-Victoire goufen et och fir Mamer géint Bartreng (25:12, 25:8, 25:14) an Bissen géint de Belair (25:19, 25:20, 25:20)

Um Samschdeg goufen et zwou Iwwerraschungen. D'Escher Dammen (D3) hunn et duerch en iwwerraschend kloren 3:0-Succès (25:19, 25:14, 25:20) géint Péiteng (D2) an déi nächst Ronn gepackt. Luerenzweiler (D1) huet sech géint Fenteng aus der ieweschter Divisioun mat 3:1 (19:25, 25:16, 25:12, 25:23) behaapt, obwuel den éischte Saz nach verluer goung.

Eng Ronn weider sinn och nach Iechternach (3:0-Succès zu Stroossen), Walfer (3:0 zu Amber-Lënster) an Dikrech (3:0-Succès zu Wolz).


D'Resultater vun der Coupe am Volleyball

Hären

Dammen

Back to Top
CIM LOGO