
Den Tim Hall geet och net méi zeréck bei Karpaty Lwiw. De Lëtzebuerger Futtballnationalspiller huet säi Kontrakt mam Veräin aus der ieweschter Divisioun an der Ukrain opgeléist. U sech hätt den 23 Joer alen Zentralverdeedeger dës Woch nees zeréck op Lwiw solle fléien. Ufank Juni soll de Championnat an der Ukrain weidergoen.
Den Hall huet zanter Méint, och scho virun der Corona-Kris, genee wéi säin Equipier bei der Nationalekipp Marvin Martins, keng Pai méi kritt. Donieft ass et quasi onméiglech, e Fliger ze fanne fir op Lwiw. Dofir huet den Hall, genee wéi och de Martins, decidéiert, net méi an d’Ukrain zeréckzegoen.
De President vum Club huet keng Sue méi an de Veräi gestach, well hie rose war, well hien en Terrain nieft dem Stadion vun der Stad net krut. Am internationale Futtball gëtt et eng Reegel, datt wann s de iwwer 2 Méint deng Pai net krus, kanns de de Kontrakt opléisen.
"Genee déi Reegel besteet och, wann s du 2 Méint a 15 Deeg deng Pai net krus, kanns de mat dengem Affekot bei d'Fifa goen an dann huet de Veräin 15 Deeg Zäit, fir dat ze bezuelen. De Club huet dat net gemaach. Ech sinn elo e fräie Spiller.", esou den Tim Hall.
Zanter Mëtt August war den 23 Joer ale Lëtzebuerg elo als Profi an der Ukrain. Eng Experienz, déi him natierlech eppes bruecht huet: "Reng sportlech gesinn, war et eng positiv Erfarung an ech si frou, déi gemaach ze hunn. Wann s de géint Ekippe wéi Schachtjor Donezk, Dynamo Kiew a sou weider spills, gewënns du un Erfarung a gëss e bessere Spiller."
Genee wéi fir de Marvin Martins kënnt och fir den Tim Hall e Retour an de Lëtzebuerger Futtball net a Fro. "Et war lo meng éischt Saison als Profi, ech wëll elo den nächste Schratt maachen. Et ginn och scho Kontakter mat Veräiner aus Holland, Italien a Polen."