ÄishockeyTampa Bay Lightning wënnt Stanley Cup

RTL Lëtzebuerg
An an der NHL, der stäerkster Äishockey-Liga op der Welt, hunn d’Tampa Bay Lighting de Stanley Cup gewonnen.

Nodeems si den éischte Match vun hirem Duell géint Dallas 4:1 verluer hunn loung Tampa 1-0 hannen. Si konnten den 2. Match knapp 3:2 wannen, fir erëm op 1-1 an der Serie zeréckzekommen. Den 3. Match war méi wéi kloer, mat enger Victoire 5:2 fir Tampa Bay. Mam 4. Match konnt Tampa an der Verlängerung de Break maachen an mat 5:4 wannen, fir een Avantage vun 3-1 an der Serie ze huelen. No enger Duebel-Verlängerung konnt Dallas de 5. Match 3:2 wannen, mee et sollt net duer goen. Am 6. Match hunn d'Lighting de Match dominéiert a konnte sech mat engem 2:0 d'Gesamtvictoire sécheren.

Si setze sech schliisslech mat enger 4-2 Victoire an der Final-Serie géint d'Dallas Stars duerch. Et ass hiren zweeten Titel, nodeems se 2004 hiren éischte Stanley Cup gewonnen haten.

Back to Top
CIM LOGO