Um zweeten Dag vun der Liichtathleetik-EM ass d'Vera Bertemes-Hoffmann an der Finall vun de 5.000m op déi 22. Plaz vun 22 Leeferinne komm. Nom Startschoss ëm 20:25 Auer en Dënschdeg den Owend zu Birmingham war d'Lëtzebuerger Leeferin ufanks gréisstendeels am hënneschten Deel vum Grupp, huet sech dann ongeféier an der Hallschent vun der Course awer eemol no vir an deenen éischte Reie gewisen. Fir déi lescht véier Ronne war d'Vitess dann awer ze héich, fir nach vir matzehalen an no an no gouf si vum Grupp distanzéiert.
Um Enn huet sech d'Italieenerin d'Nadia Battocletti mat engem staarke Schlusssprint den Europameeschtertitel geséchert, dat mat enger Zäit vu 15:37.84 Minutten. De Podium komplettéiert hunn d'Spuenierin Marta Garcia (15:39.98) an d'Italieenerin Micol Majori (15:40.65). D'Vera Bertemes-Hoffmann ass mat engem Chrono vu 16:39.00 op der Arrivée ukomm.
E Méindeg hat et d'Patrizia van der Weken um éischten Dag vun der Liichtathleetik-EM an der Finall op déi 6. Plaz gepackt. Vun enger "Risen-Enttäuschung" hat d'Lëtzebuerger Sprinterin dobäi awer net geschwat.
Den nächste Lëtzebuerger, dee bei der Liichtathleetik-EM gefuerdert ass, ass en Donneschdeg de Rubin Querinjean. Fir hie geet et am 1. Tour vun den 3.000m Steeple un den Depart.