
Domadder däerfen d'Russen d'nächst Joer bei den Olympesche Spiller zu Tokio net mat maachen. D'Spär gëllt och fir d'Spiller 2022 zu Peking oder fir Weltmeeschterschaften a Paralympesch Spiller. D'Athleten dierfen ënner bestëmmte Konditiounen als "neutral" Athleten deelhuelen.
Russland huet awer nach 21 Deeg laang Zäit géint dës Decisioun vun der WADA an Appell ze goen.
Hannergrond ass e Sträit ronderëm manipuléiert Donnéeën aus engem Moskauer Kontrolllabo. Wéi e Rapport erginn huet, wieren dausenden Date geläscht oder manipuléiert ginn. Iwwert dee Wee solle ronn 145 Athlete geschützt gi sinn.
Scho bei de Wanterspiller 2018 zu Pyeongchang huet Russland net mat enger eegener Ekipp dierfen untrieden. Um Enn waren 168 Sportler als "Olympesch Athleten aus Russland" un de Depart gaangen.