SchwammenRaphael Stacchiotti um Wee fir seng 4. Olympesch Spiller?

RTL Lëtzebuerg
Den nächste Weekend geet de Raphael Stacchiotti als eenzegen FLNS-Vertrieder beim Swim Cup zu Eindhoven un den Depart.
© Roland Miny (pressphoto.rtl.lu)

Bei dëser internationaler Competitioun geet de Raphael Stacchiotti dann no gudde Resultater d'lescht Woch och mat engem kloren Zil un den Depart ...

Swim Cup Eindhoven: Preview vum Jean-François Schneiders

De leschte Weekend iwwer wousst de Raphael Stacchiotti um 200 Meter 4 Nages ze iwwerzeegen a realiséiert dee séierste Chrono zanter méi wéi 2 Joer. Nom rezenten Trainerwiessel a mëttelméissege Resultater weist d'Form beim Sportzaldot elo erëm kloer no uewen.

Un déi gutt Form vun der leschter Woch probéiert de Sportzaldot dann dëse Weekend unzeknäppen. Lass geet et zu Eindhoven e Freideg mam 200 Meter Crawl, dem 100 Meter Brasse e Samschden, iert et dann e Sonnden zum Highlight kënnt mat den 200 Meter 4 Nages.

"Den Niveau wäert héich sinn, d'Qualifikatioun fir d'Finall net evident", seet de Raphael Stacchiotti. D'Zil ass awer kloer, méi séier schwamme wéi nach d'lescht Woch um Swim Festival zu Bergen an Norwegen.

Do hat nach eppes Klenges méi wéi 1 Sekonn gefeelt, fir d'Qualifikatiounsnorm fir d'Olympescher Spiller zu Tokyo d'nächst Joer ze realiséieren. De Qualifikatiounszäitraum ass dann awer réischt zanter Kuerzem op, deemno kee besonnesch groussen Drock op de Schëllere vum Raphael Stacchiotti: "D'Zill ass, méi séier ze schwamme wéi d'lescht Woch. Am Idealfall spréngt dann och d'Qualifikatiounsnorm fir Olympia 2020 zu Tokyo dobäi raus." Am ganz gudde Fall hofft de Raphael Stacchiotti, da méi séier ze si wéi d'lescht Woch an Norwegen. Domadder wier d'Zil dann och erreecht an déi éischt Schrëtt a Richtung Quali fir Olympia wieren dann och gemaach.

D'Preparatioun fir de Swim Cup zu Eindhoven leeft jiddefalls gutt fir de Raphael Stacchiotti, deen et dann dës Woch um Training méi roueg ugoe léisst, fir op de Punkt seng Leeschtung kënnen bei der Competitioun ofzeruffen: "Dës Woch gëtt den Trainingspensum e bëssen erofgeschrauft, fir dass d'Form op der Competitioun gutt ass."

Déi aktuell Form ass gutt an de Raphael Stacchiotti probéiert dann och, dat beschtméiglecht Resultat dëse Weekend ze erreechen - um Wee fir eng méiglech 4. Qualifikatioun fir d'Olympesch Spiller ...

Back to Top
CIM LOGO