CoronavirusNFL a Spillergewerkschaft eenege sech op deeglech Coronatester

RTL Lëtzebuerg
Laang huet d'Liga mat de Vertrieder vun de Spiller diskutéiert, wéi ee sécher kéint an déi nei Saison starten.

Op engem Punkt ass ee sech elo eens. An den éischten zwou Woche vum Trainingscamp ginn d'Spiller all Dag op de virus getest.

Sollt um Enn vun den zwou Wochen d'Unzuel vun de positiven Tester op ënner 5 Prozent leien, wäert ee just nach all zweeten Dag en Test musse maachen. Ass d'Zuel méi héich, gëtt weider all Dag getest.

Vill Spiller, dorënner de Seattle Seahawks Superstar a Quarterback Russel Wilson, haten an de soziale Medien matgedeelt, datt se sech géif suerge maachen, well d'NFL nach kee Plang fir d'Sécherheet vun de Spiller an hire Familljen hätt.

D'NFL huet awer och ugekënnegt, datt een déi aktuell Corona-Mesurë géif iwwerpréiwen an upassen, wann et misst sinn. "Si ännere sech, wa mir nei Informatioune kréien", sou de Chefmedezinner vun der Liga Allen Sills.

Méi streng Tester, en Tracing a strikt Behandlungsreegelen war et, war d'Spillergewerkschaft NFLPA gefuerdert hat. "Déi Testreegelen, op déi mir eis gëeenegt hunn, sollen eis hëllefen, eis Aarbecht nees kënnen ze maachen an d'Saison och bis op en Enn ze spillen." All Profi muss zwee Mol negativ getest ginn, éier hien dierf beim Trainingscamp dierf matmaachen.

Den Trainingscamp soll den 28 Juli ugoen, d'Saison start den 10. September.

Back to Top
CIM LOGO