
Zwee Lëtzebuergesch Bridder sinn en Dënschdeg an Italien festgeholl ginn, nodeems ee 34 Joer ale Mann an engem schroe Sträit virun enger Disko zu Sangineto an der Provënz Cosenza a Kalabrien ëm d'Liewe komm ass. Wéi de "Corriere della Sera" schreift, solle béid Männer an ee Sträit verwéckelt gewiescht sinn, nodeems si ouni Ticket an d'Disko eragaange sinn.
Dem "Corriere della Sera" no si béid Verdächteg, déi 2002 an 2004 gebuer sinn, aus der Regioun, liewen allerdéngs zu Lëtzebuerg. De méi jonke vun deenen zwee Bridder ass Spiller an der lëtzebuergescher Rugby-Nationalekipp, wärend deen Eeleren der italieenescher Noriichtenagence ADN Kronos no ee Physiotherapeut soll sinn.
Zu dem Virfall koum et e Samschdeg den Owend virun der Disko "Il Castello". Éischten Erkenntnisser no sollen d'Bridder ouni Ticket an d'Disko gaange sinn, schreift de "Corriere della Sera". Wou ee Sécherheetsmataarbechter si drop opmierksam gemaach huet, wier de Sträit ausgebrach, dee virun der Dier weidergaangen ass.
D'Affer, ee 34 Joer ale Papp vu véier Kanner, wier e puermol geschloe ginn. Hie koum schwéier blesséiert an d'Spidol vu Cetraro, ier hien d'urgence zu Cosenza an ee Spidol ageliwwert gouf. Säin Zoustand huet sech verschlechtert a just e puer Stonne méi spéit ass hien u senge Blessure gestuerwen.
De geneeën Zesummenhang tëscht dem Affer an der Disko ass nach net kloer. De Verstuerwene soll an engem Betrib zu Fuscaldo geschafft hunn, wou hien och gewunnt huet. Engem Fräiwëllegeverband zu Cosenza no hätt hien nieft sengem Dagesjob nuets och als private Sécherheetsmataarbechter geschafft.
D'Proprietäre vun der Disko hunn allerdéngs bestridden, datt d'Affer fir si geschafft huet. Si soten dem "Corriere dalla Sera" géigeniwwer, si hätten den Ermëttler d'Opname vun den Iwwerwaachungskameraen zur Verfügung gestallt. Si soten, et wier allerdéngs weeder bannent der Disko, nach virun der Dier zu Gewaltdote komm.
En der Enquête vum Parquet vu Paola goufe bis ewell Videoopnamen ausgewäert an Zeie vun der Plaz befrot. Dem "Corriere della Sera" no hätten déi zwee Bridder Italien wëlle verloossen an hätten och scho Fluchtickete kaaft. Si goufen allerdéngs festgeholl, ier si ausreese konnten.
D'Ermëttlunge sollen elo weider Informatiounen iwwert déi genee Ëmstänn vun der Dot a vun der Roll vun de Verdächtege ginn. Der italieenescher Noriichtenagence ADN Kronos no géif géint déi zwee Bridder wéinst Mord ermëttelt ginn. Et kéinten awer och nach méi Persounen um Virfall bedeelegt gewiescht sinn.
Fir déi zwee Bridder gëllt à ce stade d'Présomption d'innocence.