
De Victor Campenaerts huet am Aguascalientes Bicentenary Vëlodrome a Mexiko en neie Stonne-Weltrekord am Cyclissem opgestallt. De 27 Joer ale Belsch huet a 60 Minutten 55,089 Kilometer hannert sech bruecht.
Domadder huet de Campenaerts den ale Rekord vum Bradley Wiggins, deen 2015 zu London 54,526 Kilometer gefuer ass, gebrach.
Jens Voigt 51,11 km
Matthias Brändle 51,852 km
Rohan Dennis 52,491 km
Alex Dowsett 52,937 km
Bradley Wiggins 54,526 km