
Eng Lëtzebuerger Investitiounsfirma soll interesséiert sinn, ëmgerechent gutt 13 Milliarden Euro z'investéieren, fir en neien internationale Futtball-Tournoi ze schafen. Dat melle verschidden auslännesch Medien. CVC Capital Partners soll mat der internationaler Futtball-Federatioun Fifa am Gespréich sinn, fir d'Rechter un enger neier Club-Weltmeeschterschaft ze kafen.
Am Spëtzefuttball gëtt konstant no neie Weeër gesicht, fir de Profit nach weider auszebauen. An d'Grënnung vun engem Tournoi mat de weltbeschten Ekippe schéngt do eng lukrativ Optioun.
Déi Lëtzebuerger Investitiounsfirma soll eng vun de gréisste Private-Equity-Gruppen op der Welt sinn, mat knapp 75 Milliarden Euro u Kapital, dat si geréiert. Ausserdeem hätt si laangjäreg Erfarung am Kafen a Verkafe vu Sport-Franchisen, wéi der Formel 1 oder dem MotoGP.
CVC wier rezent och vum President vu Real Madrid, dem Florentino Pérez, kontaktéiert ginn, fir esou eng Kompetitioun mat de weltbeschte Clibb op d'Been ze stellen. Op eis Nofro hi wollt CVC dës Aussoen allerdéngs net kommentéieren, huet deemno weder confirméiert nach dementéiert.
Eng weider Optioun wier d'Kreatioun vun zwou Ligaen, mat jeeweils 20 Ekippen. D'Financial Times schreift, dass en Deel vun den Ekippen aus der Weltfuttball-Club-Associatioun soll bei deem neien Tournoi matmaachen. Zu de Grënner-Clibb vun der Associatioun gehéieren ënnert anerem Real Madrid an den AC Mailand.
CVC soll iwwerdeems och genuch Erfarung an esou Transaktiounen hunn, schreift d'Financial Times. Ëmmerhin hätt CVC rezent Parten un enger grenziwwergräifender Rugby-Kompetitioun kaaft. Dat fir ronn 142 Milliounen Euro.