
Dat dierft dann och fir eng ganz Partie Federatiounen Thema sinn, déi an den nächste Wochen hir uerdentlech Generalversammlungen hunn, respektiv och ausseruerdentlech Generalversammlungen organiséieren.
Dacks wier net kloer genuch definéiert, wéi eng Decisiounen een op Grond vun de Statuten huele kéint. De Maître Marc Theisen, deen ënnert anerem op Sportsrecht spezialiséiert ass, réit de Federatiounen fir ënnert anerem an de Statute festzehalen, dass de Verwaltungsrot méi Pouvoir kritt.
"Wann een et sech wëll méi einfach maachen an net ëmmer op eng aussergewéinlech Generalversammlung wëll zeréck gräife, soll ee sech iwwerleeën op een engem Conseil net méi Pouvoir gëtt fir d'Reuniounen méi schnell an effizient ze maachen", seet de Marc Theisen am RTL-Interview.
An de Statute vu Sportfederatioune géif een dacks eng Klausel fannen, déi virgeséich, datt alles wat net an de Statute virgesi wier an d'Kompetenz vum Verwaltungsrot géif falen. An den Aen vum Jurist ass dat e gudden Ufank, ma et misst een am beschten nach méi kloer an de Statuten definéieren, wéi eng Aufgaben de Sportsbetrib iwwerhëlt a wéi eng de Verwaltungsrot. Do kéint ee verschiddene Problemer aus dem Wee goen, esou de Maître Marc Theisen.