Réiser PäerdsdeegMarcel Ewen gewënnt d'Stiechen op de Réiser Päerdsdeeg

RTL Lëtzebuerg
Um éischte Weekend vun de Réiser Päerdsdeeg kënnen de Marcel Ewen, de Christophe Wallerich an d'Connie Fraiture Victoire feieren.
© pressephoto (Archiv)

Um Sonndeg ass den éischte Weekend vun de Réiser Päerdsdeeg op een Enn gaangen.

Déi wichtegst Prüfung, een S Sprangen, huet de Marcel Ewen am Stiechen um Chimaira gewonnen.

De Lëtzebuerger Christophe Wallerich gewënnt d'Stil E Sprangen op Queen May.

D'Connie Fraiture konnt sech d'Victoire mam Vikki  an der Klass F&Z A** sécheren.

Déi Däitsch Reiderin Beate Schmitt konnt sech mam Caro an der L Prüfung a mam Candicci och an der F&Z M* duerchsetzen.

Back to Top
CIM LOGO