
Dobäi hat et gutt fir Juventus ugefaangen. Den De Ligt huet seng Ekipp an der 42. Minutt a Féierung bruecht. Ma nom Säitewiessel huet den Nestorovski den Ausgläich markéiert. An der 92. Minutt huet de Fofana dunn de Match gedréint. Fir Udinese Calcio war dëst eng wichteg Victoire géint den Ofstig.
Elo hu si, 3 Spilldeeg viru Schluss, 7 Punkten Avance op eng Ofstigsplaz. Juventus huet no dësem Match elo 6 Punkten Avance op Atalanta Bergamo. Mat enger Victoire e Sonndeg den Owend doheem géint Sampdoria Genua kann déi al Damm den nächste Championstitel feieren.