Dëschtennis-WMGudden Optakt fir d'Lëtzebuerger Delegatioun

RTL Lëtzebuerg
E Sonndeg huet fir d'Lëtzebuerger d'Dëschtennis-WM zu Budapest ugefaangen. Am gemëschten Dubbel hu sech béid Ekippe fir den Haapttableau qualifizéiert.
© pressphoto

Souwuel den Eric Glod an d'Sarah de Nutte wéi och de Luka Mladenovic an d'Ni Xia Lian konnte sech an der Qualifikatioun vum gemëschten Dubbel behaapten a stinn domat an der Ronn vun de beschte 64 vum Haapttableau.

Am Eenzel hunn de Luka Mladenovic, de Gilles Michely an d'Danielle Konsbruck hir éischt Matcher an der Qualifikatioun zu hire Gonschten entscheet. Den Eric Glod huet donieft iwwerraschend géint säi Géigner aus Venezuela verluer, wärend d'Sarah Meyer e Sonndeg zwou Defaiten huet mussen astiechen.

D'Ni Xia Lian an d'Sarah de Nutte stinn iwwerdeems schonn am Haapttableau a spillen eréischt en Dënschdeg am Simpel.

PDF: Schreiwes vun der FLTT

Back to Top
CIM LOGO