Tennis-Welt an TrauerFréieren australeschen Tennis-Star Peter McNamara gestuerwen

RTL Lëtzebuerg
Ewéi seng Fra Petra matgedeelt huet wier de McNamara schonns e Samschdeg am Alter vu 64 Joer u Kriibs gestuerwen.
© AFP

De Peter McNamara huet zweemol am Dubbel zu Wimbledon gewonnen, am Eenzel war seng beschte Placéierung déi 7. an der Weltranglëscht. No senger Karriär als Spiller war hien och als Trainer aktiv. Zulescht war hien un der Säit vun der Chinesin Wang Qiang, déi aktuell op Plaz 14 an der Weltranglëscht steet.

Back to Top
CIM LOGO