
Elo geet et schonns weider mat der Wantersaison.
Wéinst dem Covid-19 kann et awer sinn, dass et schwiereg gëtt, déi eng oder aner Manifestatioun ze organiséieren. Bei der Wantersaison an der Liichtathletik ginn et ëmmer zwee Voleten. Deen ee sinn d'Kompetitiounen am Fräien an deen aneren déi Manifestatiounen, déi Indoor sinn.
D'Presidentin vun der FLA, Stéphanie Empain seet, dass et den Ament schwéier ass virauszegesinn, wéi et an den nächste Wochen a Méint wéinst der Corona-Pandemie weidergeet. Si ass awer virsiichteg optimistesch, dass déi Courssen déi bausse sinn, och kënnen organiséiert ginn.
Wat Trailen an d'Stroosseleef ubelaangt, do si mir an engem Kader, deen änlech ass wéi bei de Crossen. Do si mir Outdoor an do ass et allgemeng bësse méi liicht, fir sech un déi sanitär Reegelen ze halen. Och hei gedenke mir eise Programm stattfannen ze loossen, wann et nëmmen iergendwéi méiglech ass. Hei kann een zum Beispill dat nationaalt Trail-Championnat Mëtt November ervirhiewen, un deem mir den Ament nach festhalen.
Bei den Indoor-Kompetitioune kéint et awer méi schwéier ginn. D'Stéphanie Empain ass der Meenung, dass een do als Federatioun muss flexibel sinn a kuerzfristeg Decisioune muss huelen. Der Presidentin vun der FLA no ass et vu Virdeel, dass d'Coque déi Gréisst huet, déi se eeben huet.
Dass dat eng relativ grouss Infrastruktur an dass et, op d'mannst wat Zuschauer ugeet, net all ze vill schwéier wäert ginn, fir Zuschauer zouzeloossen an trotzdeem genuch Plaz tëscht den Zuschauer ze garantéieren.
Ee Problem kéint awer entstoen, bei deene Kompetitiounen, wou vill Kanner ageschriwwe sinn.
Do si mir nach am Gaangen ze kucken, wéi mir eis kënnen organiséieren, fir dass mir kënnen an de Reegele vum Spill agéieren. Villäicht kann een déi och splitten? Do si mir an eisen Iwwerleeungen nach net wäit genuch. Op alle Fall, wat mir versichen ze maachen ass, dass mir eng Indoor-Saison kënne garantéieren.
An natierlech och fir den Nowuess. Well wann dat net de Fall ass, riskéiert een deen een oder anere Sportler eventuell ze verléieren.
