
Et war e Sonndeg den Duell tëscht dem Champion Diddeleng an dem aktuellen Tabelleleader Hueschtert-Folscht. Béid Veräiner ware bis ewell an dëser Saison nach ongeschloen. Fir Diddeleng ass dat och nom 3. Spilldag nach de Fall, well si waren déi kloer besser Ekipp an hu sech verdéngt mat 5:3 d'Gäscht aus dem Weste vum Land duerchgesat.