FuttballDe Mathias Jänisch verléisst Déifferdeng Richtung Nidderkuer

RTL Lëtzebuerg
Op Facebook huet den FC Déifferdeng 03 bekannt ginn, datt de Mathias Jänisch de Veräin an der Wanterpaus verléisst.

De Mathias Jänisch hat deene Responsabele matgedeelt, datt hien de Veräin gäre géing a Richtung Nidderkuer verloossen. Déi Responsabel sinn dësem Wonsch nokomm an hunn den Accord fir e Wiessel ginn.

Den Déifferdenger Kapitän verléisst säi Veräin no bal 11 Joer.

Jänisch op Nidderkuer/Reportage Franky Hippert

Back to Top
CIM LOGO