
Ganzer 1.131,6 Punkte krut de Gewënner bei der 68. Editioun vun der Véierschanzentournée, wat e Virsprong vun 20,6 Punkten op den Norweger Marius Lindvik ass. De Pol Dawid Kubacki läit domat och 23,2 Punkte virum däitsche Sportler Karl Geiger. De Japaner Ryoyu Kobayashi klasséiert sech um Enn als 4. mat 1.096 Punkten.
E Méindeg stoung zu Bischofshofen an Éisträich dat véiert a leschte Sprange vun der Véierschanzentournée um Programm. Et koum zu enger Partie spannenden Dueller, dat zum Beispill tëscht dem Karl Geiger an dem véierfachen Olympiagewënner Simon Ammann. De Marius Lindvik, deen dat 2. an 3. Sprange gewonnen huet, ass géint de Sondre Ringen ugetrueden.
Am 1. Duerchgang konnt sech de Karl Geiger aus Däitschland mat engem Sprong op 140 Meter tëschenzäitlech un d'Spëtzt setzen an huet sech déi 2. Plaz geséchert. Den Dawid Kubacki aus Polen, deen als ee vun de Favoritte gezielt huet, huet sech mat sengem Sprong op 143 Meter virun den Däitsche gesat. Am Duell géint de Cene Prevc (SLO) ass hien 11 Meter méi wäit gesprongen. De Marius Lindvik aus Norwegen huet sech mat der Plaz 3 am 1. Duerchgang missen zefridde ginn. Virun Dausende Spectateure ass de Stefan Kraft op Plaz 4 gesprongen an de Ryoyu Kobayashi aus Japan op Plaz 11.
Op de Spëtzeplazen am 2. Duerchgang huet näischt geännert. De Kubacki huet sech mat senger 1. Plaz viru Geiger a Lindvik duerchgesat. De Kraft ass mat 137 Meter Meter op déi 4. Plaz komm. Mat engem Sprong vun 138 Meter hat et de Ryoyu Kobayashi aus Japan op déi 6. Plaz gepackt.