BLGBeweegung an de Sport am Fondamental ze fërderen

Franky Hippert
"Beweegung an der Lëtzebuerger Grondschoul" ass eng Asbl, déi virun zwee Joer gegrënnt gouf.

Hiert generellt Zil ass et, d'Beweegung an de Sport am Fondamental ze fërderen. An dëser Zäit, wou de Beweegungs- a Sportunterricht wéinst dem Coronavirus an de Schoule gestrach gouf, huet d'BLG an engem Communiqué matgedeelt, datt si sech dofir asetzt, datt d'Schüler bis d'grouss Vakanz, awer nees d'Méiglechkeet kréien, sech am Kader vum Schoulsport ze beweegen.

D’CSV-Deputéiert Martine Hansen an Georges Mischo haten an deem Sënn och eng Motioun an der Chamber deposéiert. Déi gouf du weider an d’Chamberkommissioun Sport geleet, wou se bis elo awer nach net behandelt gouf.

D'Asbl-Beweegung an der Lëtzebuerger Grondschoul huet dann och eng kloer Positioun, de President Karel Achten:

"Mir fannen dat net gutt. Et ass immens schued, well d'Kanner eis oft froen, wéini si nees Turnen oder Schwammen hunn. Mir kënnen hinnen da just soen, datt dat bis den 15. September net méi geet."

An de leschte Wochen huet een awer och en erschreckenden Constat gemaach:

"Et stellt ee fest, datt et vill Kanner gëtt, déi hire Beweegungsdrang doheem net ausliewe kënnen. Déi gi vun hiren Eltere kaum bis guer net gefuerdert. Do sinn der och vill, déi si net an engem Veräin. Déi maachen dann elo 6 Méint quasi näischt bis  keng Beweegung . Dat ass natierlech fatal. Dat weist, wéi wichteg grad elo de Beweegungsunterrecht gewiescht wär, an dat ass och duerch kuerz Beweegungspausen an der Klass net ze kompenséieren."

Fir d'Asbl-Beweegung an der Lëtzebuerger Grondschoul ass et och absolut méiglech, e Sport a Beweegungsunterrecht ze halen:

"Mir vu BLG fannen, datt et an esou klenge Gruppe vun 10 Schüler kee Problem soll sinn, bei eidelen Halen, am Schoulhaff, de Vëlo soll och net ze kuerz kommen."

De Karel Achten huet dann och schonn e puer konkret Saachen, déi gemaach kéinte ginn:

"Do geet et vu Parcours, Geschécklechkeetsspiller, Koordinatiounsspiller, Material, dat just mat de Schong beréiert gëtt, Choreographie, Dänz, all dat ass méiglech, wann de Schüler a sengem Raum ass, mat vill Plaz ronderëm sech."

Verschidde Parcourse kéinten dann och schoulintern weider genotzt ginn, esou datt keen Enseignant d'Rad fir all Stonn, nei erfanne misst.

Schoulsport huet keng Lobby / Reportage Franky Hippert

PDF Schreiwes BLG

Back to Top
CIM LOGO