
Et gëtt am "Best of Seven" Modus gespillt, deemno gëtt déi Equipe Champion, déi als éischt 4 Matcher gewonnen huet.
D'Basketsaison an den USA gëtt jo zanter der Corona-Pandemie an der sougenannter "Bubble" am Disney World zu Orlando gespillt.
Fir de Basket Nationaltrainer Ken Diederich sinn d'Lakers wuel de Favorit, mä Miami ass als Iwwerraschungsequipe a wéinst de gudde Leeschtungen an de leschte Wochen absolut net ouni Chance.