U-23 Cyclissem3-Länner-Championnat ofgesot

RTL Lëtzebuerg
De Championnat, deen den 2. August zu Dikrech sollt sinn, gouf elo wéinst der aktueller Entwécklung ronderëm de Coronavirus nees ofgesot.

Dat huet déi Lëtzebuerger Vëlosfederatioun matgedeelt.

Bei dëse Meeschterschafte fueren d'Cyclisten aus Lëtzebuerg, Däitschland an der Schwäiz mat.

Et gëtt elo gekuckt, ob een dës Editioun nach zu engem spéideren Datum am Joer kéint organiséieren.

De Schreiwes vun der FSCL fannt Dir hei:

PDF: Communiqué vun der FSCL

Back to Top
CIM LOGO