Livestream vun der Pressekonfernz um 10:45 AuerWie gëtt neien Trainer beim FC Metz?

RTL Lëtzebuerg
Den FC Metz ass dës Saison aus der Ligue 1 ofgestigen an ass zanterhier op der Sich no engem neien Trainer. Am Enke Krees war och de fréieren Nationaltrainer Luc Holtz. Op enger Pressekonferenz e Freideg um 10:45 Auer gëtt annoncéiert, wien den FC Metz nächst Joer trainéiert.

Op enger Pressekonferenz annoncéiert den FC Metz um Freidegmoien, wien de Club fir déi nächst Saison trainéiert. Verschidde Medien hu gemellt,, dass de fréiere Lëtzebuerger Futtballnationaltrainer Luc Holtz kuerz virun der Ënnerschrëft beim FC Metz géing stoen. Eng offiziell Confirmatioun vun der Säit vum Veräin aus der Lorraine oder dem Lëtzebuerger Trainer gëtt et aktuell nach net.
Eréischt viru Kuerzem gouf bekannt, datt de Luc Holtz a Waldhof Mannheim getrennte Weeër géinge goen.
Suivéiert de Livestream vun 10:45 Auer un op rtl.lu.

Back to Top
CIM LOGO