Beleidegung oder rassistesch Ausso?Mäertert-Waasserbëlleg brécht Partie géint Käerch of

RTL Lëtzebuerg
Am nationale Futtball ginn et an der Lescht ëmmer méi Virfäll mat Rassismus- an Diskriminatiounsvirwërf, déi duerch déi sozial Medien no bausse gedroe ginn.
Dat Ronnt muss an dat Eckegt
Vun der 82. Minutt u gouf kee Futtball méi gespillt.
© ALEX GRIMM/Getty Images via AFP

Nodeems et nom BGL-League Match tëscht Käerjeng an der Jeunesse grouss Diskussioune goufen, well e Jeunesse-Spiller enger Supporterin nom Match den Handschlag verweigert hat, war et am Coupe-Match tëscht Käerch a Mäertert-Waasserbëlleg e Virworf vu Rassismus.

D'Ekipp vu Mäertert-Waasserbëlleg ass doropshi beim Stand vum 1:3 géint sech an der 82. Minutt vum Terrain gaangen. Wéi et weidergeet, läit elo beim Verbandsgeriicht vun der FLF.

Op Nofro hin huet eis den FC Käerch confirméiert, datt een näischt vu sou enger Beleidegung héieren hätt a sech Zäit geholl huet, éier ee reagéiert hätt. Den eegene Kader wier multikulturell an et géif ee sech vun de Virwërf distanzéieren. Den Arbitter krut vum FC Käerch d'Video-Material vum Match zur Verfügung gestallt. Déi zwee Spiller, déi an dësem prezise Fall concernéiert sinn, hätte keng Lëtzebuerger Originnen.

Vu Mäertert-Waasserbëlleg heescht et am Laf vum Freideg Nomëtteg, datt een den FC Käerch op kee Fall schlecht wëll duerstellen an datt d'Heem-Ekipp sportlech: verdéngt mat 3:1 gefouert hätt. Nodeems et widderholl Provokatiounen um Terrain gi wieren, hätt et zu engem Moment eng rassistesch Beleidegung ginn. De Virfall wier direkt gemellt ginn. Fir déi Situatioun ze analyséieren, hätt et awer un der néideger Rou a Seriositéit gefeelt. Dës Punkte goufe säitens Mäertert-Waasserbëlleg och am offizielle Protest festgehalen. De Veräin hofft, datt all des Elementer an d'Enquête afléissen an dat de Virfall objektiv bewäert gëtt.

Back to Top
CIM LOGO