Grousse Präis vun UngarnWie geet mat engem Erfollegserliefnis an den F1-Kollektivcongé?

Serge Pauly
Ungarn ass déi leschte Course virun der Summerpaus. Wärend de Kimi Antonelli sécher als WM-Leader an de Congé geet, schléit fir anerer zu Budapest d’Stonn vun der Wourecht.
© FOM Mario Renzi

Ugefaange mat Aston Martin. De gréngen Auto war bis elo esou lues, dass de Stardesigner Adrian Newey guer net ugefaangen huet mat pléischteren, mee sech direkt op ee groussen Update konzentréiert huet. Dës B-Versioun ass elo fäerdeg. Den éischten Asaz zu Budapest ass wichteg: fir ze gesinn, ob een an déi richteg Richtung schafft, a fir de Starpilot Fernando Alonso dovunner z'iwwerzeegen, awer nach ee Joer drunzehänken.

Virschau op de Grousse Präis vun Ungarn - Reportage vum Serge Pauly

Een, deen de Congé warscheinlech och kaum erwaarde kann, ass den George Russell. Seng leschte Course zu Spa war no engem hallwen Tour eriwwer. No technesche Problemer mat senger Batterie ass hie mam Hamilton unenee geroden. Eng weider batter Enttäuschung. De Mercedes-Teamchef Toto Wolff huet sech no Spa am Interview mam RTL-Expert Dominique Riefstahl awer optimistesch gewisen, dass de Russell nach d'Kéier kritt: “Ich denke, dass wir das Motorenthema, das wir über das letzte Wochenende hatten, das haben wir jetzt gelöst. Wir haben den Grund gefunden. Jetzt geht es darum, ihn emotional zu unterstützen und aufzubauen. Aber es ist ein mechanischer Sport. Es geht einmal für dich und einmal gegen dich.”

No Spa ass de Lewis Hamilton esou neien zweeten an der Tabell. Am Paddock gëtt dofir erëm intensiv iwwert eng Ferrari-Stallregie diskutéiert. Och den RTL-Expert Dominique Riefstahl pladéiert dofir, dass Ferrari sech op den Hamilton konzentréiere soll, och wann dat teamintern net einfach gëtt: “Engem Charles Leclerc, deen definitiv ee gläich-gesatenen Nummer-1-Pilot de Moment ass, ze soen: ‘Fir dëst Joer spills du déi zweete Gei. Du ënnerstëtz deen aneren. Dat ass eis beschte Chance en Titel kënne mat heem ze huelen. An Zukunft kriss du déi Chance och, wann se sech ergëtt.’ ass politesch net einfach eriwwerzebréngen, awer och net onméiglech. Et kënnt op dem Fred Vasseur säi Fangerspëtzegefill un, op en dat fäerdeg bréngt.”

Een Thema huet déi zwou lescht Courssen dominéiert: den Energiemanagement. Op de séiere Circuite vu Silverstone a Spa goung de Piloten den elektresche Jus aus, si hu sech beschwéiert, dass dës Circuiten hire Charme verléieren. Un de Reegelen ännert sech näischt, an awer huet den Dominique Riefstahl virum FORMULA 1 AWS HUNGARIAN GRAND PRIX 2026 eng gutt Nouvelle: “Zum Gléck fir eis, déi nächst zwee Grand-Prixen, Ungarn an och Holland, sinn éischter Go-Kart-Circuiten: vill Bremsen, vill Kéieren, vill Hin an Hier, manner Riichter... Dat ass zwar manner gutt fir de Spektakel an d’Iwwerhuelméiglechkeeten, mee setzt definitiv den Thema Energiemanagement erëm kräfteg an den Hannergrond. Et kann ee sech erëm op Setup, Pneuen, Lignen, Fuerverhalen a Fuerkënne vun de Piloten konzentréieren.”

Den Hungaroring schéint dëse Weekend och erëm sengem Ruff als "Bakuewe vu Budapest" gerecht ze ginn. Et sinn héich Temperature gemellt, mat Streckentemperature bis zu 50 Grad. E Sonndeg am spéiden Nomëtteg kéint et zu Wiedere kommen, tendenziell awer eréischt no der Course.

Duerno geet d’Formel 1 dann effektiv an de Kollektivcongé. Wärend 14 Deeg däerf an de Fabricken net un den Autoe geschafft ginn, fir dass d'Mataarbechter op d'mannst eng Kéier wärend der langer F1-Saison erblose kënnen.

Den Dominique erkläert: den Hungaroring

Et kann een et dréinen a kéiere wéi ee wëllt: natierlech Rennstrecken, déi sech an d'Landschaft integréieren an den "Test of Time" iwwerstanen hunn, bleiwe bei de Piloten ëmmer beléift. Esou och den Hungaroring, deen an enger Cuvette läit a Rhythmus verlaangt, fir bezwongen ze ginn. Tëscht de Kéiere 4 an 11 gëtt bal net riicht gefuer. Am Géigenzuch danzt den Auto vun engem Enchainement an dat anert an d'Pneue bieden ëm eng Auszäit, déi net kënnt, an iwwerhëtze ouni Gnod. Net nëmmen si: och Bremsen, Motor an dacks de Pilot schweessen hei ferm, well d'Temperaturen héich an d'Vitess niddereg sinn a net genuch Killloft disponibel ass. Déi aner Säit vun där Medail: dauernd Schlaangelinn fueren, heescht och net kënnen iwwerhuelen. Wann d'Pneuen eemol iwwerhëtzt sinn, ass all Balance fleeten an et kann eng Prezessiounscourse ginn – et sief e Summerwieder mixt de Cocktail nei zesummen.

Budapest war schonn ëmmer e Monaco hannert dem Eiserne Rideau. Dofir brauch een hei och änlech Charakteristiken: maximal Appui, egal wat et u Loftwidderstand kascht, an e präzisen, stabille (jo, e Widdersproch u sech) Auto. Well et awer eng richteg Rennstreck ass kënnen d'Ecurien d'Aero vill méi aggressiv iwwer d'Buedemfräiheet siche goen. Genee dofir gesi vill Piloten den Hungaroring nieft Monaco als ee vun de beschte Qualifying-Tester vum Joer, als eng Plaz, wou de Rhythmus an d'Vertrauen an den Auto den Ënnerscheed maachen.

Budapest ass awer och d'Land vun den 180-Grad-Kéieren. Déi fuerderen déi viischt Achs, mee d'Aarbecht däerf een och net no hanne verleeën, well een dauernd aus luese Kéieren eraus beschleunegt a gutt Traktioun brauch. Eng lescht haart Noss, déi een aus Setup-Siicht knacke muss, éier et an d'Summerpaus geet. Dofir ass Budapest awer och eng Top-Party-Destinatioun, a vill Ecurië fléien eréischt Méindes moies heem, egal ob vollzieleg um Appell oder net. (Den Auteur vun dësen Zeile koum wuel och mol laang no Sonnenopgang a Mof bemoolt an d'Lobby zeréck, mee krut ëmmer de geplangte Vol heem!)

© F1

Back to Top
CIM LOGO