Formel 1Hadjar-Verletzung léist Red-Bull-Karussell aus

Serge Pauly
D’Summerpaus an der Formel 1 ass eriwwer, mä den Isack Hadjar wäert d’Rentrée verletzungsbedéngt verpasst. Red Bull léisst seng Pilote fir Zandvoort elo rotéieren.

Den Isack Hadjar huet sech an der Summerpaus um Handgelenk blesséiert. Dowéinst muss de franséische Red-Bull-Pilot de Grousse Präis vun Holland ausloossen, wéi Red Bull um Mëttwoch an der Mëttesstonn offiziell matgedeelt huet.

D'Ersatzléisung vu Red Bull iwwerrascht. Amplaz den Ersatzpilot Yuki Tsunoda einfach an de Red Bull ze setzen, léisst Red Bull seng Pilote rotéieren. Esou wiesselt de Liam Lawson fir eng Course vum B-Team Racing Bulls eriwwer bei d'Haaptécurie Red Bull. Bei de Racing Bulls gëtt den Neiséilänner da vum Japaner Yuki Tsunoda ersat.

Den RTL-F1-Expert Dominique Riefstahl erënnert dorunner, dass Zandvoort ee Sprint-Weekend ass, an dass d'Ersatzpiloten nëmmen ee fräien Training hunn, fir sech un déi nei Erausfuerderung ze gewinnen. Den Expert wonnert sech dowéinst iwwert de Red-Bull-Karussell: “Dass Red Bull dann och nach decidéiert, dat an hirer Famill zweemol ze maachen, well se de Lawson erop an de Red Bull promovéieren an den Tsunoda an de VCARB setzen, ass fir mech erstaunlech. Dat eenzegt, wat fir mech Sënn mécht, ass, dass ee wëllt kucken, wéi de Lawson mat enger neier Generatioun Red-Bull-Auto eens gëtt, a wéi seng Performance do zu engem Max Verstappen ass.”

Den RTL-F1-Expert Dominique Riefstahl wonnert sech iwwert de Red-Bull-Karussell

De Liam Lawson ass dat lescht Joer nämlech schonn zwou Coursse fir Red Bull gefuer. Hie sollt eigentlech déi ganz Saison nieft dem Max Verstappen am Red Bull sëtzen, gouf awer no zwou schlechte Courssen erëm zeréck bei d'Racing Bulls degradéiert. Mä och säin Ersatzmann Tsunoda konnt bei Red Bull net iwwerzeegen a krut dowéinst fir dës Saison kee feste Cockpit méi. Mat senger Roll als Ersatzpilot schéint hien net ganz zefridden ze sinn. Den Tsunoda kritt nogesot, sech am Moment intensiv ëm en Indycar-Engagement ze beméien.

Fir den Hadjar deet et warscheinlech duebel wéi, dass hien Zandvoort verpasse wäert. De Fransous hat déi lescht Weekender nämlech e gudde Laf a konnt relativ gutt mat sengem Teamleader Verstappen mathalen. Zënter Kanada, also déi lescht siwe Coursse koum hien ëmmer an d'Topp 6.

Donieft huet de Fransous d'lescht Joer an Holland säi bis elo eenzege F1-Podium gefeiert. Bei der Teamfoto duerno ass seng Coupe aus Porzeläin awer an zwee Stécker zerbrach. Den Isack Hadjar hat dofir fir d'Course dëst Joer ee speziellen Helm designe gelooss, fir u säi Podium an déi Anekdote mat der futtisser Coupe ze erënneren. Dee Casque wäert elo wuel ouni eng eenzeg Course an d'Vitrinn wanderen.

Den Isack Hadjar wollt eigentlech mat dësem Spezialhelm zu Zandvoort fueren.
Den Isack Hadjar wollt eigentlech mat dësem Spezialhelm zu Zandvoort fueren.
© (C) RED BULL CONTENT POOL

Back to Top
CIM LOGO