Insgesamt sinn e Samschdeg 5250 Zuschauer duerch d’Keess gaangen.
Bei den Hären wënnt d’Arantia Fiels d’Loterie Nationale Coupe de Luxembourg. Et ass den zweeten Titel an der Coupe bei den Hären fir de Veräin nom éischten Titel am Joer 1970.
D’Supporter hunn eng ausgeglachen éischt Hallschecht gesinn, keng Ekipp konnt sech ofsetzen. Am zweete Véierel gouf et eng Ënnerbriechung vu ronn 10 Minutte well d’Auer net méi gaangen ass. An der Paus stoung et 42:39 fir d’Etzella Ettelbréck.
Am drëtte Véierel huet d’Fiels de Match lues a lues u sech gerappt. D’Fiels huet méi séier gespillt an hat eng héich Trefferquot aus der Distanz, ënnerhalb vun e puer Minutte war de Virsprong op iwwer 10 Punkte gewuess.
Ettelbréck konnt allerdéngs am leschte Véierel reagéieren an de Match sollt an enger enker Schlussphas entscheet ginn, um Enn konnt d’Fiels sech feiere loossen a wënnt 87:83. Ettelbréck hat eng leschte Chance de Match ze gewannen oder auszegläichen, krut aus der dëser Aktioun awer kee Worf méi.
Mat 25 Punkten konnt de Kevon Godwin fir d’Fiels iwwerzeegen, de Vic Heuschling huet mat 22 Punkten eng staark Leeschtung gewisen.
Am Lalux Ladies Cup bei den Dammen setzt sech d’Sparta Bartreng mat 64:61 géint den T71 Diddeleng duerch a feiert domat den drëtte Coupetitel bei den Dammen an der Veräinsgeschicht.
Diddeleng huet besser an de Match fonnt a louch nom éischte Véierel 17:12 a Féierung. Um Enn vum zweete Véierel huet Bartreng mat engem staarke Laf reagéiert an de Match bis zur Paus gedréint. No Dräier vu Wolff, Mersch, King a Yoerger war d’Sparta an der Paus 35:31 fir.
E klenge Schock gouf et fir Diddeleng am drëtte Véierel, d’Catherine Mreches huet sech blesséiert an huet missen behandelt ginn, d’Nationalspillerin konnt duerno nëmmen nach eemol kuerz agesat ginn. Bartreng huet profitéiert a konnt de Virsprong weider ausbauen an ass mat enger 54:46 Féierung an de leschte Véierel gestart.
Wéi Sparta scho wéi de séchere Gewënner ausgesinn huet, konnt Diddeleng an der Schlussphas nach emol fir Spannung suergen. Um Enn konnt Bartreng eng ganz knapp Victoire feieren.
Mat 22 Punkten huet d’Jordan King bei der Sparta am beschte getraff, d’Aryana Quezada koum op 16 Punkten a 16 Rebounds.