Michelin 992 Endurance CupPlaz 3 fir d'Ekipp vum Dylan Pereira bei der 12-Stonne-Course zu Spa

Theo Mersch
Andy Brücker
An der ProAm-Kategorie war et fir Pereira a Co. déi 2. Plaz.
Bis zum Schluss hu se gekämpft a konnte sech nach op Plaz 3 no vir schaffen.
Plaz 3 war et um Enn, dat no enger cleverer Course, virun allem an de leschte Stonnen.
© AF Motorsport

E Samschdeg war zu Spa-Francorchamps vu 9:45 Auer bis 21:45 Auer d'12-Stonne-Course vum Michelin 992 Endurance Cup. Den Dylan Pereira war engagéiert am Team AF Motorsport an huet sech do de Cockpit mat de Fuerer Andre Fernandes, Angelo Fontana a Christian Potolicchio gedeelt.

No 12 Stonnen an 284 Ronnen huet AF Motorsport et op déi 3. Plaz an domat op de Podium gepackt. Laang louch d'Ekipp mam Dylan Pereira op Plaz 4, ma duerch extreemt Spritspueren konnt hien zum Schluss ee Boxestopp géintiwwer dem direkte Konkurrent op der Pist aspueren, deen dunn e puer Minutte viru Schluss nach eemol huet mussen notanken an esou déi 3. Plaz verluer huet.

© AF Motorsport

D'Victoire war fir d'Ekipp Red Camel-Jordans.nl (287 Ronnen) an déi 2. Plaz goung un Theeba Motorsport by Quanloop ES (286 Ronnen), déi sech awer iwwer d'Victoire an der ProAm-Kategorie freeë kënnen. Hei ass et deemno déi 2. Plaz fir AF Motorsport.

Déi lescht 2 Joer hat den Equipage vum Team 48 Losch Motorsport gewonnen, d'lescht Joer och mam Dylan Pereira als Pilot. Ma dëst Joer ware si net um Depart, well si mëttlerweil e Porsche 911 GT3 R asetzen, dee bei dëser Course net zougelooss ass.

Back to Top
CIM LOGO