
D'Editioun 2026 steet ënnert dem Motto „La vue“ – d'Vue, a setzt sech domat auserneen, wéi Gäert eis Perceptioun vun der Natur an der Landschaft beaflossen. Dëst Joer stinn net manner wéi 59 Aktivitéiten um Programm. Verdeelt iwwer eng 30 Gäert am ganze Land kënnen d'Visiteuren u guidéierte Visitten deelhuelen, Atelieren entdecken, Concerten erliewen oder Ausstellungen an Animatioune fir Grouss a Kleng besichen. D'Manon Breden vum Kulturministère, deen dat Ganzt koordinéiert:
Verschidde Plaze sinn och nëmme wärend dem Evenement fir de Public accessibel, wat natierlech nach nach méi flott ass fir d'Visiteuren, dorënner notamment och déi Privatgäert vun de Privatleit, eng ronn 17 Privatleit maachen dëse Weekend hire Gaart bei sech doheem op, an dat am Kader vun der oppener Gaardepäertche vu Gaart an Heem, deen och scho säit e puer Joer Partner bei dësem Event ass.
De „Rendez-vous aux jardins“ ass Deel vun enger europäescher Initiativ, déi 2018 lancéiert gouf. D'Haaptzil ass et, d'Leit fir de Schutz, den Ënnerhalt an d'Erhale vu Gäert a Parkanlagen ze sensibiliséieren.
Et ass natierlech engersäits e kulturelle Raum, e soziale Raum, mee et ass awer och e Raum, wou Geschicht, Architektur an och Wuelbefannen eng Roll spillen. Dat heescht et ass u sech e ganz diverse Raum. An an där Hisiicht probéiere mer och iwwert de Rendez -vous aux Jardins eng Villfalt u Gäert a Parken ze weisen an och ënner ville verschiddene Formen. Mir hunn dëst Joer eng ronn 60 Aktivitéiten, déi een iwwert de ganze Weekend kann matmaachen an dat sinn 30 Besëtzer a Gestionnairen vu Gäert a Parken, déi sech do ugemellt hunn.
D'Offer ass also breet gefächert. D'Organisateure wëllen domat weisen, datt e Gaart vill méi ass wéi just eng gréng Fläch: en ass gläichzäiteg Naturraum, Kulturierwen a Plaz fir Begéinungen.
Fir musikaleschen Entertainment ass zum Beispill gesuergt duerch eng Partie Concerten, déi mer hunn, e flotte mobile Concert duerch d'historesch Parkanlag vun der Stad vun den Haupeschbléiser. Mir hunn awer och den Orchester Estro Armonico, deen zum Beispill optrëtt oder d'Lidderuucht. Guidéiert Visitte ginn et an der Stad vum LCTO, um Kierchbierg duerch de Park Klosegrennchen, zum Beispill nach duerch de Site vun der Luga, déi een och dëst Joer nach eng Kéier besiche kann. Awer och d' Gäert vun der Réimer Villa zu Iechternach kann ee besichen.
D'Evenement dauert vun e Freideg bis e Sonndeg. Vill Aktivitéite si gratis zougänglech an iwwer dat ganzt Land verdeelt. Donieft ginn et och eng ganz Rëtsch un Atelieren a Workshoppe wou een sech kann umellen a matmaachen. De komplette Programm an d'Informatioune fannt der op der Internetsäit Jardins Luxembourg.