DéierentippHongerstreik bei Kazen

Patrick Greis
Kaze kënne wierklech terribel stuer sinn.
© AFP

Bei de Mënschen ass et schonn esou, dass een um Appetit gesäit wéi een gesondheetlech drop ass. Schmaacht et, dann schéngt op den éischte Bléck alles an der Rei. Gëtt de Menü net ugeréiert oder bleift den Teller hallef voll, dann stëmmt eppes net, an d’RTL Déierendoktesch kann dat och bei de Kazen feststellen.

Dës Lescht hate mir d’ganz Kazen-Equipe vun enger Famill an der Hospitalisatioun, déi doheem virun hire Gamelle gestreikt haten. Beim Micky war et nodeems d’Kaz hier schrecklech Zänn sanéiert kritt hat. De Pippo an den Tukki haten eng Zort allergesche Schnapp, zimmlech sécher wéinst engem Déo an der Kazentoilette. Zanter enger Woch hu si net méi gefriess well si d’Fudder net méi riche konnten. An de Téidi hätt seng Kroketten jo direkt verhaft. Mais wéinst deenen hat hien missen mat Steng an der Blos operéiert ginn an un en anert, naasst Fudder, ass hien fir ze baschten emol net schnoffele gaangen.

Kaze kënne, wéi et schéngt, wierklech terribel stuer sinn?

An dat ka grad bei Kazen liewensgeféierlech ginn. Wann hier Liewer an e Keto-Regime kënnt, well se an der Nout den eegene Kierper verdaut, kréie se e Fat-Liver-Syndrome. Fettbëmmelcher zerquëtschen dann d’Zellkären an der Liewer an da kënnt et zu enger Liewerzirrhos. D´Micki, de Pippo, den Tukki an den Téidi kruten dowéinst Zockerbaxteren a goufen mat engem extrae flëssegen Fudder gepeppelt. Beim Micki hunn dunn Medikamenter géint d’Péng an de Psychostress gehollef, dass et nuets, wa keen an der Géigend war, seng Schësselchen eidel gemaach huet. De Pippo an de Tukki hunn mat antiallergesche Medikamenter an enger neier Crème fir bannen an d’Oueren, erëm gejickt. An den Téid krut Appetit iwwert e bësse Valium a wéi hien deenen aneren zwee beim Friesse nogekuckt huet.

Kaze kënne wierklech terribel stuer sinn

Back to Top
CIM LOGO