CEO un OpenAIVilla vum Sam Altman vu Molotowcocktail getraff

AFP, iwwersat vun RTL
D'Police huet eng verdächteg Persoun festgeholl. Bei der Attack gouf kee blesséiert.
(FILES) OpenAI CEO Sam Altman attends a talk session with SoftBank group Chairman and CEO Masayoshi Son in Tokyo on February 3, 2025.
De Sam Altman bei enger Gespréichsronn zu Tokio.
© AFP/

D’Villa vum CEO vun der Softwarefirma OpenAI, dem Sam Altman gouf e Freideg zu San Francisco vun engem Molotowcocktail getraff. Dat huet e Spriecher vun OpenAI der Noriichtenagence AFP confirméiert. De presuméierten Täter hätt ausserdeem gedreet, de Siège vun OpenAI a Brand ze stiechen.

D’Police vu San Francisco huet schliisslech ee Verdächtegen an der Géigend vum Siège vun der Softwarefirma festgeholl.

Et gouf keng Blesséierter bei der Attack.

Back to Top
CIM LOGO