
Am Bësch funktionéiert nämlech alles anescht wéi an eisem Alldag. Et gëtt keng Notifikatiounen, keng Deadline, kee Kaméidi. Just Natur. A genee dat mécht eppes mat eis. Schonn no kuerzer Zäit fänkt de Kierper un, sech unzepassen. D’Bëschcoach Karen Decker erkläert:
“Wat wierklech studéiert ginn ass, dat ass wat de Bësch um Kierper selwer bewierkt an et ass scho ganz interessant, wéi séier d’Cortisolen erof ginn, wéi d’Stresshormoner erof ginn, wéi séier den Zockerlevel sech ausbalancéiert, Leit déi Hypertensioun oder Hypotensioun hunn, wéi dat sech alles relativ séier ausbalancéiert.”
Derbäi kommen dann och déi kleng Saachen: déi gréng Faarf an d’Liicht, dat duerch d’Blieder fält. De Buedem ënner de Féiss. D’Gefill, net permanent ofgelenkt ze sinn.
“Et geet wierklech drëm, am Bësch ze verweilen, dat heescht wierklech ganz bewosst am Bësch ze sinn. Dat ass dat selwecht wéi sech ze äerden, buerféiss ze trëppelen. Et muss een och net ëmmer duerch de Bësch trëppelen, et kann een sech och ganz gutt op eng Bänk setzen, d’Schong ausdoen an d’Féiss 5 Minutten op de Buedem ze setzen, dat geet och schonn duer. An et ass och dat wat interessant ass, eise Kierper erkennt ganz séier erëm vu wou en eigentlech hierkënnt an e geet och ganz séier an déi Schwéngung, an déi Rou iwwer. "
Wëssenschaftler hunn och erausfonnt, datt Beem Stoffer ofginn, déi eist Immunsystem stäerken. Mee och ouni dat ze wëssen, spieren déi meescht Leit et direkt: et deet gutt.
“Déi Terpenen, déi gi vun de Beem ausgestouss fir sech ze schützen, mee och fir déi aner virzewarnen. An eise Kierper reagéiert och do drop, dat heescht eist Immunsystem reagéiert do drop a gëtt doduerch geboost. An dat ass schonn interessant, well et eben net just eng Saach ass, also net just déi Terpenen, mee et ass einfach alles zesummen, wat mécht, dass eise Kierper - fir et op Lëtzebuergesch ze soen - “erofkënnt”. "
De Bësch gëtt eis also eppes zeréck, wat am Alldag dacks verluer geet: Rou. Präsenz. Gläichgewiicht. A vläicht ass dat dat Wichtegst: de Bësch verlaangt näischt vun eis. Mir mussen näischt leeschten, näischt erreechen. Mir kënnen einfach do sinn.