"Net geféierlech fir de Mënsch"KI entwéckelt nei Viren – Chance fir Medezin, awer och Sécherheetsbedenken

RTL Lëtzebuerg
Fuerscher vun der Stanford University an dem Arc Institute hunn eng kënschtlech Intelligenz benotzt, fir nei Viren ze entwéckelen, déi et an der Natur nach net gëtt.
© RUSLANAS BARANAUSKAS/SCIENCE PHO/Science Photo Library via AFP

Vun Dausende generéierte Genomen hu 16 sech am Labo als liewensfäeg erausgestallt. Et handelt sech ëm Bakteriophagen, déi nëmme Bakterien infizéieren an de Mënsch net ustiechen.

D'Etüd weist, datt dës nei Viren hëllefe kéinten, antibiotikaresistent Bakterien ze bekämpfen.

Gläichzäiteg warnen Experten awer virun de méigleche Risike vun esou enger Technologie. Si fuerderen kloer international Reegele fir ze verhënneren, datt generativ KI benotzt gëtt, fir geféierlech Krankheetserreeger ze entwéckelen.

Back to Top
CIM LOGO