
Dat wärend Tester vun de Kompetenzen a punkto Cybersécherheet vun der KI. Google hätt déi Incidenten, déi scho Méint zeréckleien, och eréischt op Nofro vun de Journalisten hinn ëffentlech gemaach. De Konzern selwer betount, et wär bei den Tëschefäll kee Schued entstanen.
Änlech Incidente gouf et a leschter Zäit bei aneren Entwéckler vu KI:
Dee bekanntsten ass dee bei OpenAI, deen och ChatGPT ubitt. D'KI wier eegestänneg aus hirem gesécherte Circuit ausgebrach an hätt sech an d'Plattform Hugging Face vun engem aneren Entwéckler ageschleist, sou OpenAI.
De Konkurrent Anthropic huet seng Systemer doropshin och kontrolléiert. A Meta hat och Problemer ëffentlech gemaach, wou eng KI op eege Fauscht Hackerattacken duerchgefouert hätt.