Éischten "Optimus Prime" oder "Pacific Rim"Chineesesch Firma presentéiert Roboter, deen aus Sci-Fi-Film kéint sinn

RTL mat AFP
Fir de klenge Präis vu 650.000 Dollar kann ee sech de Mecha-Roboter GD01 kafen.
Chineesesch Firma presentéiert Mecha-Roboter
Den GD01 kann esouwuel op zwee wéi och op véier Been lafen a ka vun engem Pilot gesteiert ginn.

En neie Roboter, deen a China presentéiert gouf, erënnert e bëssen u Science-Fiction-Filmer. Unitree Robotics, déi u sech éischter dofir bekannt sinn, datt se Roboter, déi danzen, bauen, huet elo hiren éischte Roboter, deen och vun enger Persoun gesteiert ka ginn, presentéiert.

Den GD01 erënnert e bëssen un d'Mechaen aus dem Film "Pacific Rim", och wann déi aktuell chineesesch Versioun däitlech méi kleng ass. Bei der Presentatioun kann een awer gesinn, datt de Roboter esouwuel eleng ka goen, wéi och vun engem mënschleche "Pilot" ka gesteiert ginn. Als "Mecha" oder "Mecha-Roboter" bezeechent een en normalerweis humanoide Roboter oder eng humanoid Maschinn, déi awer vun engem Mënsch vun engem Cockpit aus gesteiert gëtt.

D'Manéieren, op déi een den GD01 asetzt, si dann och ganz verschidden, well dëse ka souwuel op zwee Féiss lafen, wéi sech och ëmklappen, fir dann op véier Féiss ze krauchen. Eventuell dréit dës "Transformatioun" dann och dozou bäi, datt déi brittesch Zeitung "The Sun" en als de weltwäiten éischten "Optimus Prime" betitelt.

Ma net just lafe kann dës Maschinn. Si kéint de Biller vun Unitree Robotics no och fir Aarbechten agesat ginn. Esou kann een am Presentatiounsvideo gesinn, datt de GD01 eng Mauer ofrappt. Hei ass dann awer eng Informatioun ganz wichteg: Dës Zeen soll een "op kee Fall" nomaachen.

Präislech gesi muss een, esou verschidde chineesesch Medien, ronn 650.000 Dollar fir de Mecha, deen 2,7 Meter grouss ass, op den Dësch leeën.

Back to Top
CIM LOGO