KI-Projet vu RegierungProjet "AI4Lux" soll Fonctionairen a méi spéit och Bierger Aarbecht a Prozeduren erliichteren

Pierre Jans
Zanter engem Joer leeft d'Partenariat, fir "AI4Lux" op d'Been ze setzen. De Projet léist de Staat sech 40 Millioune verdeelt iwwer dräi Joer kaschten.

D’Regierung ass zejoert jo e Partenariat mat der franséischer Start-Up Mistral AI agaangen. An tëscht hätt hie reegelméisseg mam Grënner an Direkter geschwat, esou de Premier- a Medieminister. Dee Grënner an Direkter Arthur Mensch war och op der Pressekonferenz um Belval present.

Déi jonk Entreprise mat Sëtz zu Paräis, déi eben genee an deem Beräich schafft, soll Lëtzebuerg als Staat an als Gesellschaft an d’Zäit vun der KI begleeden. Fir d’éischt soll se Fonctionnairen d’Aarbecht erliichteren, mä kuerz duerno och alle Beschäftegten hei am Land. Ee konkret Beispill ass zum Beispill en Chatbot fir juristesch Froen op der Plattform Legilux. De Virdeel vun der franséischer KI-Boîte géintiwwer vun de groussen US-amerikaneschen Entreprisen wär, dass d‘Donnéeën confidentiel hei zu Lëtzebuerg géife stockéiert ginn, an eben net an enger sougenannter “Cloud”, huet de Luc Friden betount.

Et ass fir Mistral AI den éischten Optrag vun engem Staat. D’Partenariat geet iwwer dräi Joer mat der Optioun op fënnef Joer ze verlängeren. D‘Regierung leet 40 Milliounen dofir op den Dësch. E finanziellen Retour erwaart ee sech dovun net, esou de Premier. Et wär en Invest an d‘Leit. D‘Campagne krut och den Numm “KI am Déngscht vum Mënsch”.

Maskottchen ass eng kleng Kreatur, déi engem Roboter änlech ass an déi LUMI gedeeft gouf, wat fir Liicht an Innovatioun géing stoen.

D’Schreiwes vum Staatsministère

En Donneschden an enger Woch gesinn d‘Sozialpartner sech fir iwwer den Impakt op eis Gesellschaft vun der Kënschtlecher Intelligenz ze diskutéieren. Dat am Tripartite-Format, ewéi de Premierminister Luc Frieden e Mëttwoch de Moien op der Pressekonferenz fir de Lancement vun der nationaler Campagne iwwer d‘Kënschtlech Intelligenz “AI4LUX” sot.

Back to Top
CIM LOGO