
D'EU-Kommissioun huet wéinst Verstéiss géint europäesch Kompetitivitéitsreegelen Strofen an Héicht vun 890 Milliounen Euro géint Google verhaangen. Dobäi geet et ënner anerem ëm d'Bevirdeelegung vun eegenen Déngschter bei Online-Recherchen. Donieft huet Google App-Entwéckler op Android-Telefonen an hirer Kommunikatioun ageschränkt.
D'Kommissioun wéilt "sécher stellen, dass et méi Competitioun gëtt an dass och aner Entreprisen d'Méiglechkeet hunn, Innovatioune virun ze dreiwen", sou d'EU-Digitalkommissärin Henna Virkkunen.
Dem EU-Gesetz fir digital Mäert no dierfe besonnesch grouss an aflossräich Digital-Entreprisen hir eegen Déngschter beispillsweis bei enger Online-Recherche net besser behandele wéi Déngschter vun aneren Ubidder. No Aschätzung vun der EU-Kommissioun huet Google dat bei Déngschter fir Shopping, Hoteller, Transport a Sportresultater awer gemaach. Dofir huet Bréissel eng Strof vu 460 Milliounen Euro agesat. "Déi beschte Produite solle sech duerchsetzen, well se besser sinn, net well se der Entreprise gehéieren, déi d'Sichmaschinn bedreift", sou d'EU-Kompetitivitéitskommissärin Teresa Ribeira.
Déi zweet Geldstrof an Héicht vu 430 Milliounen Euro gouf verhaangen, well Google App-Entwéckler et net erlaabt huet, dem Verbraucher gratis oder gënschteg Offere baussent dem Google-Play-Store unzeweisen, sou d'Kommissioun.
Zesummegerechent ass et déi gréisste Geldstrof, déi bis elo ënnert der DMA géint eng Entreprise verhaange ginn ass. Se kéint souguer nach méi héich ausfalen, sollt Google déi vun der Kommissioun gefuerdert Oploen net bannent 60 Deeg erfëllen. D'lescht Joer hat Bréissel 200 Milliounen Euro Strof géint Meta a 500 Milliounen Euro Strof géint Apple decidéiert.