
Dann huet de CGDIS nach dräi Tëschefäll vun en Dënschdeg tëscht 17 an 18 Auer matgedeelt. An der Stad an der Rue Grünewald gouf e Cyclist vun engem Auto ugestouss a liicht verwonnt.
Bei Eschduerf um RN12 hate sech zwee Gefierer ze pake kritt, eng Persoun gouf blesséiert. An op der A13 am Tunnel Éilereng war en Auto accidentéiert, och hei gouf eng Persoun verwonnt.