BausecteurZwou Entreprisen hu Faillite gemaach

RTL Lëtzebuerg
Wéi den OGBL an engem Schreiwes annoncéiert, hunn "Mir Bauen SARL" an "My Construct SARL" op de 19. Juli 2019 hir Aktivitéiten agestallt.

Eng 30 Salariéeë verléieren duerch dës zwou Faillitten hir Aarbecht. D'Gewerkschaft wier am gaangen de Concernéierten, déi sech scho beim Syndicat gemellt hunn, esouwuel um administrative wéi och um legale Plang ënnert d'Ärem ze gräifen, fir datt d'Leit entschiedegt ginn.

D'Bauentreprise "Mir Bauen SARL" an den Usträicherbetrib "My Construct SARL" hunn alle béid de selwechte Sëtz zu Péiteng.

PDF: Pressecommuniqué vum OGBL

Back to Top
CIM LOGO