FindelZwee Hënn vun der Douane hunn 2 Milliounen Euro erschnoffelt

RTL Lëtzebuerg
D'Boergeld war net richteg deklaréiert ginn an sollt vum Findel a Richtung Istanbul geschmuggelt ginn.
© Administration des douanes et accises

Dem Gwen an dem Syrah dierf ee gratuléieren. Béid Muppen, déi fir d'Douane am Asaz sinn, hunn hir gutt ausgebilte Schnoffel-Nuese mat Succès agesat an um Findel am Gepäck vun e puer Persounen am Ganze ronn zwou Milliounen Euro fonnt.

D'Boergeld war net richteg deklaréiert ginn a sollt Richtung Istanbul geschmuggelt ginn. Domadder hunn d'Täter net just géint Lëtzebuergescht, ma och géint Europäescht Recht verstouss. Dem Gesetz no muss nämlech all Zomme Boergeld, déi iwwer 10.000 Euro läit, deklaréiert ginn. Wann dat net gemaach gëtt, da variéiert d'Strof tëscht 251 an 25.000 Euro. Natierlech kann och déi komplett Zomm saiséiert ginn.

Back to Top
CIM LOGO