Schwaarze Weekend op eise StroossenZwee déidlech Accidenter an der Nuecht op e Sonndeg

RTL Lëtzebuerg
Eng Persoun, déi beim Accident tëscht Diddeleng a Zoufftgen blesséiert gouf, huet net iwwerlieft an ass un hiren uerge Blessure gestuerwen.
© Domingos Oliveira/RTL

Um 1.40 Auer an der Nuecht op e Sonndeg waren 3 Leit blesséiert bei engem Accident tëscht Diddeleng a Zoufftgen.

De Chauffer vum Auto hat do d'Kontroll iwwer säi Gefier verluer a war mam Auto an ee Bam gerannt. Hie gouf am Auto ageklemmt. Béid Passagéier goufen aus dem Auto geschleidert.

Ee vun hinnen ass u sengen uerge Blessure gestuerwen. Den 2. Passagéier koum schwéier blesséiert an d'Klinik.

E Samschdeg den Owend koum et tëscht 22 an 23 Auer um CR115 tëscht Kruuchten a Schrondweiler zu engem déidlechen Accident.

E Chauffeur hat d'Kontroll iwwert säi Gefier verluer a war an e Bam gerannt. Den Auto hat no der Kollisioun Feier gefaangen.

Fir de Mann hannert dem Steierrad koum all Hëllef ze spéit. Hien ass nach op der Plaz u sengen uerge Blessure gestuerwen.

© Domingos Oliveira
© Domingos Oliveira/RTL

E Freideg den Owend hat schonn eng Persoun hiert Liewen op de Lëtzebuerger Stroosse verluer. E Mann war zu Esch ugestouss ginn an hat net iwwerlieft.

E Samschdeg den Owend an an der Nuecht op e Sonndeg goufen et nach 4 Accidenter, bei deene Leit blesséiert goufen:

Géint 18 Auer sinn zu Beetebuerg an der Route de Mondorf zwou Persoune bei engem Accident verwonnt ginn.

Kuerz virun 19 Auer gouf eng Persoun blesséiert bei engem Accident tëschtViichten a Biissen.

Bei engem Accident tëscht Bidscht an dem Schumannseck um 19.30 Auer gouf eng Persoun blesséiert.

A kuerz no 3 Auer sinn tëscht Wëntreng a Rëmerschen zwou Persoune bei engem Accident verwonnt ginn

Back to Top
CIM LOGO